1 mol Schlappekino wannechgelift! Gären!

An zwar mat enger sougenannter Fantasy-Romanz. Eent virewech, déi gro Zelle mussen oder sollen net ugestrengt ginn, einfach nëmme genéissen. Das Haus am See, The Lake House, huet also näischt mam Peter Fox ze dinn, erzielt d'Geschicht vun der Doktesch Kate déi eben an engem Haus beim Séi wunnt. Dat Haus gëtt d'Kate awer op fir dann zu Chicago ze liewen. D'Doktesch hannerléisst e Bréif fir den nächste Proprietär fir datt deen d'Post weiderschéckt. Dat alles spillt am Joer 2006. Dowéinst ass den Architekt Alex och zimmlech iwwerrascht well hien am Joer 2004 an d'Haus eraplënnert.

Das Haus am See mam Sandra Bullock a Keanu Reeves den Owend um 20:15 op Kabel Eins.