Déi meescht vun eis maachen et all Dag an se mierken et mol net. Mir schwätze mat engem a gläichzäiteg fuere mer mam Fanger iwwert den Ecran vun eisem Handy. Wéi elo eng rezent Etüd weist, kann dësen Tick awer fatal Konsequenze fir eis Bezéiung hunn
a se kéint souguer an d'Bréch goen. Méi heiriwwer weess eise Bezéiungsexpert Loïc Juchem.

10/07/2020 Wat ass Phubbing?

Et schwätzt ee vu Phubbing, d'Wuert kënnt aus dem Engleschen a setzt sech zesummen aus dem Verb ,,to snub'', also ee virun de Kapp stoussen an engem ,,P'' fir ,,Phone''. Mir schwätze mat engem a kucken awer reegelméisseg op den Handy a fueren och mat der Hand iwwert den Ecran, jidderee weess, datt en et net soll maachen an awer winnt ee sech et net of.

Déi amerikanesch ,,Baylor University'' huet 145 Koppele gefrot ob a wéi si mam Handy ëmginn a wollt och wëssen wéi zefridde si an der Bezéiung sinn. Resultat, et ass erauskoum, datt ,,Phubbing'' negativ Konsequenzen op eis Relatioun huet. Dernieft hunn se erausfonnt, datt duerch ,,d'gephubbs'' d'Leit manner frou an hirer Bezéiung ginn an dofir geet och de Risk fir Depressiounen an d'Luucht.

Zu de selwechte Resultater war och eng Etüd vun zwou chineseschen Universitéite komm. ,,Phubbing'' steet also effektiv a Relatioun mat enger gewësser Onzefriddenheet an der Bezéiung an dat huet eben Auswierkungen op dat allgemengt Wuelbefannen.

Net nëmmen d'Frëndin oder de Frënd kann een domat nerven, natierlech ass et och en Zeeche vu wéineg Respekt vis-à-vis vu senge Kolleegen. Schonn eleng wann den Handy just um Dësch läit, weist dat dem aneren: ''Ech lauschteren der nëmmen hallef no.'' D'Grënn firwat mir Mënschen eigentlech sou dacks op eisen Handy kucken, sinn och verschidden. Een dovunner wier, wa mir eis ausgeschloss fillen, da gëtt de Smartphone eis eng gewësse Sécherheet. Virun Ae sollt een sech halen: Wëll een e gutt Gespréich hunn, da soll een den Handy ewech leeën, well beim Austausch ass och de gudden Aekontakt immens wichteg.