Game Night oder awer e Film?

Am Domino an der rue Louvigny an der Stad ass vun 18:00 bis 22:00 d'Game Night um Programm. Dat kascht keen Entrée an et kann een nei Gesellschaftsspiller probéieren.

Oder wéi wär et mol erëm eng Kéier mat e bëssen Horror? Ze vill soll ee jo net verroden; den Auto vum Darry a vum Trish gëtt bal vun engem Camion vun der Strooss gedréckt. E bësse méi spéit gesinn d'Gesëschter dee selwechte Camion virun enger Kierch do zitt eng Gestalt mat engem schwaarze Mantel Eppes mat vill Blutt eraus.

Jeepers Creepers den Owend um 22:30 op Tele5. An Tëschenzäit ginn et nach 2 weider Jeepers Creepers-Filmer.