Et gëtt Produiten, an der Haaptsaach Spillsaache fir Kanner, déi de Verbraucherschützer nawell e puer Suerge maachen. Ganz uewen op der Lëscht sti Spillsaachen.

10/07/2020 EU warnt: Vill Spillsaachen a Plüsche si gëfteg!

Et gi vill Produiten an der EU an deene Gëft dran ass. Dacks ass dat bei Spillsaachen de Fall. Déi meescht vun hinne kommen aus China.
Am leschte Joer gouf duerch de Warnsystem Rapex 2243 Alarm geschloen. Fir dëst Joer, sinn dës Zuelen ëm 10% geklommen. Ma wéinst der Pandemie gëtt allgemeng besser opgepasst. Sou goufen och Masken a Schutzkostümer getest. Genee wéi Desinfektiounsmëttel.

Am meeschte betraff sinn d'Spillsaachen. All 3. gouf wéinst geféierleche Chemikalien aus dem Wee geraumt.

Am "Slime" war a ville Fäll vill ze vill Bor dran. A de Plasitkspoppe war Konzentratioun vu PH-Talaten ze héich. Béid Produiten si fir Kanner schiedlech. Se kënnen zu Onfruchtbarkeet féieren.

Ma och vill Artikele bei deene kleng Stécker konnten ënner geschléckt ginn ware betraff. Kleng Batterien z.B. Kanner kënnen net nëmmen drun erstécken, Batterië kënnen am Mo an am Daarm seriö Problemer maachen.

Zanter dem Ufank vun dësem Joer huet EU-Kommissioun selwer ronn 650 Produiten op hier Sécherheet getest. 68% vun de Plüschen haten eescht Problemer. Et fält och op, dass vill geféierlech Produiten aus China kommen. Et ass zwar liicht zeréck gaangen. Ma all 2. Spillsaach ass nach ëmmer betraff.

Schonn zanter dem Joer 2006 gëtt et bei der Sécherheet vu Produiten en Zesummenaarbecht mat de Chineesen. Duerch de System Rapex deen an der EU agesat gëtt fir fréi ze warnen, kréien déi respektiv Autoritéiten e Message. Esou kënnen si direkt Moossnamen ergräifen. Bei de Produiten, déi aus Europa komme sinn 30% kontaminéiert oder onsécher.