Mir hunn d'Musek gäre wann eis d'Perséinlechkeet vun de Museker gefält, dat behaapten op alle Fall israelesch Fuerscher. Dës Resultater sinn elo net komplett nei, scho bei fréiere Boybands ass dëse Phänomen bekannt. Si komme gutt u wéinst hirer Musek, awer net nëmmen. Loïc Juchem.

09/07/2020 Firwat grad dës Musek?

  Och d'Ausgesi spillt eng Roll an et kéint een och mengen, datt d'Perséinlechkeet vun de Museker eng Influenz huet ob mer eppes gären oder manner gäre lauschteren. Fuerscher vun der israelescher Bar-Ilan-Universitéit hunn eng Etüd heiriwwer elo am „Journal of Personality and Social Psychology“ publizéiert.

Alles an allem hunn 80.000 Testpersoune matgemaach, se hu misse verrode wéi eng Musek se gäre lauschteren a wien hir Liiblingsmuseker sinn, ma vrun allem gouf och hir Perséinlechkeet ënnert d'Lupp geholl. An enger nächster Etapp gouf analyséiert wei eng 50 prominent westlech Museker bei de Leit gutt ukommen an doropshin huet een da verschidde Charakteristike vun de Museker hirer Perséinlechkeet erausfonnt.

Resultat: Et gëtt e kloren Zesummenhang tëscht der Perséinlechkeet vun den Nolauschterer an där vun de Museker. Mir Mënschen hunn also léiwer Musek vu Museker, mat deene mer eppes gemeinsam hunn a mat deene mer eis identifizéiert kréien. Dëse Phänomen nennt sech „self-congruity effect of music“: et gëtt also eng Gemeinsamkeet tëscht der eegener Perséinlechkeet an der vun de Museker, op alle Fall ass dat sou an der eegener Virstellung. 

Vrun allem an der Museksindustrie ass dësen Zesummenhang vu grousser Bedeitung. Schonn an de 1990er Joren ass een heivunner ausgaangen, deemools huet ee Boygruppe schonn sou forméiert, datt all potentiellen Nolauschterer sech op mannst mat engem vun de Sänger konnt identifizéieren. De „self-congruity effect of music“ huet der Museksindustrie schonn zu enormem Succès verhollef.