Am décke Summer wann et waarm dobaussen ass, da kann sech de Wunnraum séier an eng Sauna verwandelen, zemools wann een an engem Appartement ënnert dem Daach wunnt an d'Gebai net esou gutt isoléiert ass. Et ass dee Moment och schwéier fir Nuets gutt ze schlofen, well een d'Hëtzt och net esou séier aus de Maueren erauskritt, wat zemools fir eeler Leit net agreabel ass, Michèle Schons?

11072020 Gutt a Form - Wei haelt een sai Wunnraum fresch

En Drëttel vun der Hëtzt déi mer an den Haiser hunn, kënnt iwwer d'Fënsteren eran. Dee Moment ass et schonn e Virdeel wann een am Dag einfach d'Lueden oder d'Jalousien zouléisst, an dann Owes méi spéit, oder Moies fréi d'Fënstere grouss opmécht fir ze lëften. Wann een nach fiicht Dicher un d'Fënsteren hänkt, bréngt dat e klengen zousätzleche frësche Bonus. Wat nach eenegermoossen hëlleft, ass d'Dieren opstoe loossen fir e bëssen Duerchzuch ze kréien.

An da kann een sech et och denken, et ass natierlech méi einfach mat Klimaanlag oder Ventilator. Beim leschten ass carrement de Modell, deen um Plaffong hänkt am Beschte fir d'Loft bannent dem Zëmmer ze verbreeden, a wann een e Standventilator huet, ass et och besser deen op eng gewëssen Héicht ze stellen, an och net direkt op ee selwer geriicht. Och hei kann een e Stänner mat fiichten Dicher virdru stellen, oder nach besser eng Schossel Äis aus dem Tifküler, esou gëtt dann direkt eng kill Loft am Raum verdeelt.

Wärend enger Canicule ass et natierlech och e grousse Virdeel wann ee Planzen doheem huet, déi kennen nämlech de Phenomen vun der Evapotranspiratioun, dat heescht d'Waasser an hirem Buedem verdonst an der Atmosphär, wouduerch d'Loft am allgemenge méi agreabel dobannen ass. Och Kloterplanzen déi d'Fassaden eropklammen, oder vill Planzen op der Terrasse an um Balcon kënnen dozou bäidroen, dass net esou vill Hëtzt an d'Wunneng erakënnt.