Zu Esch gëtt gerockt an zu Iechternach gëtt et weideren Trifo Apéro.

Kufa Summer Bar heescht de Programm déi nächst Wochen an der Escher Kulturfabrik. Haut den Owend gëtt et eng Grëtz méi rau. Lëtzebuerger Gruppen, all aus dem Rock, respektiv Metal-Beräich, wéi d'Kitshickers, Desdemonia a Miles To Perditioun suerge fir de gudden Toun. Allerdéngs net a Form vu Concert, mä se leeën op, also DJ-Sets. Lass geet et fir dëse Rock & Metal Afterwork ënnert dem Numm From Hell to Summer um 18:00.

An zu Iechternach proposéiert den Trifolion e weideren Trifo Apéro. Elo um 17:00 ass d'Grupp Irina am Asaz, allerdéngs net zu 6, mä zu 3, souzesoen den Irina Trio. Wie Loscht op Singer/Songwriter-Musek huet, ka sech also roueg op de Wee an d'Abteistad maachen.