Eng Diskussiounsronn an der Abtei Neimënster.

Demokratie in Zeiten der Pandemie ass d'Iwwerschrëft vun enger Diskussiounsronn den Owend an der Abtei Neimënster. Et schwätzen de fréiere EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an de fréiere President vum däitsche Bundestag den Norbert Lammert, moderéiert gëtt d'Ronn vum Caroline Mart. De Coronavirus huet vill Demokratien op d'Prouf gestallt, respektiv un hir Grenze bruecht. China setzt op en autoritäre System a behaapt datt dowéinst d'Pandemie erfollegräich agedämmt ginn ass. Déi demokratesch Situatioun an Europa ass keng Selbstverständlechkeet an hir Grondlage mussen ëmmer nees verdeedegt ginn.

D'Diskussiounsronn tëscht den 2 Politiker fänkt um 18:00 un an dauert bis 19:30, et sinn eng 25 Plazen an der Abtei Neimënster virgesinn, ma se gëtt och op Youtube a Facebook Live iwwerdroen, no der Ronn sinn dann och nach Froen aus dem Public virgesinn.