De Summer ass eng Joreszäit voller Gerécher. Ob et den Noper ass deen säi Grill ugehäit, eng Blumm, eng Planz déi grad an der Bléi ass oder d’Sonnecrème déi direkt Erënnerung u schéin Zäiten an eis ausléist. Ma am Summer richt ee souguer de Reen. Firwat een dat grad an där Joreszäit richt, weess d’Lea Schwartz.

14072020 Firwat richt de Reen am Summer anescht

D’Sonn schéngt, et ass waarm an d’Liewen ass gutt. Am Summer si vill Saachen, déi eis soss stéiere géifen, vill manner schlëmm. Souguer de Reen, wann et laang waarm an dréche war an déi éischt Reendrëpsen zanter laangem op de Buedem falen, dann huet dat dee ganz spezielle Geroch. Sou ee Reen am Summer richt anescht wéi de Rescht vum Joer. Oder besser gesot e richt iwwerhaapt. Well Waasser richt jo eigentlech guer net. 

Wann et am Summer reent, ass et och net d’Flëssegkeet déi richt, mee eng Mëschung vun de Planzen, dem Buedem an enger Stëbsschicht. Virausgesat et war laang dréchen, dann entsteet dee ganz spezielle Cocktail u Gerécher, deen et just dann gëtt wann no laanger Zäit nees den Himmel opgeet. Meeschtens am Summer, mee et ass och am Fréijoer oder Hierscht heiansdo de Fall. Dëse Geroch nennt een och nach Petrichor. Dat ass Griichesch, Petros fir Steen, an Ichor kënnt aus der Mythologie a beschreift d’Flëssegkeet an den Odere vun de griichesche Gëtter.

 

Wann et laang dréchen ass, dann entsteet op de Blieder vu Planzen en Ueleg, Bakterien am Buedem fueren hire Stoffwiessel zeréck an d'Stëbspartikel bléiwe leien. Wann et dann nees fiicht gëtt, da wäschen d’Reendrëpsen déi ätheresch Ueleger vun de Planzen erof a falen domadder op de Buedem. Do entsteet duerch d’Bakterien, déi an der Fiichtegkeet hire Stoffwiessel nees ukuerbelen e bestëmmte Stoff. De Geosmin, dee richt ganz äerdeg. 

 

Doduerch, datt d’Reendrëps um Buedem platzt, kann dee Geroch fräigesat ginn. Dat hunn Fuerscher vun der  Massachusetts Institute of Technology observéiert. Si hunn an Zäitlupp Drëpse fale gelooss. Ëmmer kuerz virum platzen, konnte si gesinn, datt sech kleng Blosen am Pull Waasser gebilt hunn. An do konnte sech dann déi kleng Partikele mam Doft dra sammelen. Wann d’Drëps ganz platzt, ginn déi Partikele fräigesat a schonn e bësse Loft geet duer fir d’Aromen an d’Ëmwelt ze droen. Änlech verbreet sech och den Aroma beim Schampes, ëmmer da wann déi kleng Bulle platzen.

Déi ätheresch Ueleger vun de Planzen, de Geosmin aus dem Buedem zesumme mam Stëbs gëtt dann dee Petrichor. Deen mat der Hëllef vun den Drëpsen an d'Loft gedroe gëtt.

 

Net all Reen richt dofir d’selwecht. Et hänkt vun der Quantitéit vum Reen, dem Buedem an der Vegetatioun an der Géigend of. All Summerreen ass dofir sou gesi ganz eenzegaarteg. An nom Reen kënnt jo dann dacks och nach de Reebou.