Eng kleng Schwämm am eegene Gaart ass ideal fir de Summer bei héijen Temperaturen ze iwwerstoen. Am Contraire zu engem richtegen a feste Pool ass ee séier fäerdeg mat op- an ofbauen. Ma op wat soll een dann alles oppassen? De Loïc Juchem weess Bescheed.

14072020 Vakanz am Gaart

Éier ee sech e Baseng keeft soll ee sech bewosst sinn, datt eng grouss Schwämm mat nach villen anere Käschte verbonnen ass. D'Schwemm ass net dat Deierst, mee och dat ronderëm kascht nawell vill a vrun allem och Zäit.

 

E festen Ënnergrond ass wichteg fir dass se och riicht am Gaart steet. D'Schwämm soll een och ëmmer nëmmen 80 Prozent voll maachen, anescht kéint se u Stabilitéit verléieren.

 

Well Waasser och d'Sonn immens reflektéiert, soll een oppassen, datt Kanner an Erwuessener sech net verbrennen wa si hir kleng Ronnen an der Schwämm dréien. Dernieft e klengt Zelt oder e Prabbeli opzestellen ass dofir keng schlecht Iddi, et ass wichteg sech dacks an de Schied kënnen ze setzen. Natierlech soll ee sech och acrèmen. Ouni ze vergiessen, datt dës Crèmen net besonnesch gutt fir d'Waasser am Baseng sinn, da muss een Owes eventuell och méi Chlor dramëschen.

 

Huet ee just eng ganz kleng Schwämm am Gaart stoen, da kann ee reegelméisseg d'Waasser rauslafe loossen an de Plastik och mat Seef wäschen. Ass d'Schwemm elo méi grouss a funktionéiert och mat Pompel, da soll een och déi richteg Produite kafen. Et soll een och kucken, datt een eng Schwemm mat enger Sandfilterpompel keeft, déi sinn einfach ze benotzen a sinn zimmlech effikasse.

 

Wichteg Produite sinn: 

Chlor - datt d'Schwemm propper bleift an desinfizéiert gëtt

Algizid - datt keng Algen sech am Baseng forméieren

an och Flockkartuschen - fir datt d'Waasser net dréif gëtt

 

Fir seng Piscine sollt een och déi passend Accessoirë kafe fir se kënne propper ze halen. Zum Beispill e manuelle Staubsauger fir de Buedem ze botzen, wëll ee bësse méi ausgi kann een och en Automatesche kafen. Och e Skimmer ass wichteg, deen zitt engem Blieder a Mécken aus dem Waasser.

 

Wärend dem Confinement hu ganz vill Leit sech och e Whirlpool kaaft, och do heescht et oppassen. Déi extrem héich Temperature sinn natierlech ideal fir Kéimen a Bakterien. De Whirlpool soll op kee Fall glëtscheg ginn, reegelméisseg d'Wänn mat enger Biischt botzen ass wichteg an et soll een och oppassen, datt en net ze dréif gëtt. Weess ee sengen Hänn kee Rot méi, dann hëlleft dacks och eng Schockchloréierung. De Baseng dierf da just wärend puer Stonnen net genotzt ginn.