Vu datt d'Wieder den Owend souwisou net grad immens ass, kéint ee säin Owend virum Schlappekino verbréngen.

Wie frou mat Musek vu Silbermond, Michael Patrick Kelly, Rea Garvey, Mark Forster, Lena, Sascha, The Boss Hoss, Revolverheld, Nena, Bap oder och nach Gentleman ass, misst den Owend eigentlech Vox aschalten. Et ass e weideren Episod vu Sing meinen Song - Das Tauschkonzert, awer eng Zort Best Of, net vun der leschter Staffel mä vun de beschte gemeinsamen Optrëtter. Op der Playlist fënnt een den Owend Lidder wéi Superior, am Original vum Gentleman, hei da mat der Ënnerstëtzung vum Lena. Bei Supergirl kritt de Rea Garvey Hëllef vum Revolverheld Johannes Strate. De Milow, deen haut Gebuertsdag huet, séngt bei Musik Sein vum Wincent Weiss mat. De Mark Forster an d'Stefanie Kloß sangen de Silbermond-Hit Irgendwas Bleibt. An d'Guano Apes-Sängerin Sandra Nasic gëtt bei Lord of the Boards vum Andreas Gabalier ënnerstëtzt. Do sinn duerchaus interessant Konstellatiounen dobäi, Konstellatiounen déi an där Form warscheinlech ni Zestane komme wieren, mä do gesäit ee wat e bësse Wäin a Südafrika alles méiglech mécht. Sing meinen Song - Die besten Duette den Owend vu 20:15 un op Vox.