Aus Stréi gëtt Biogas. Eng Firma aus Däitschland mécht et méiglech an huet esou wëlles den Elektro-Autoen Konkurrenz ze maachen.

23/07/2020 Stroum aus Stréi

D'Firma Verbio kënnt aus Brandenburg. Ausgerechent vun do, wou och Tesla grad eng grouss Fabrik baut.
Vergläiche kann ee se net mateneen, am Verglach zu Tesla ass Verbio zimmlech kleng. Ma dat wat si Plangen kéint se ganz grouss maachen. Et plangt een e Sprit hierzestellen deen op der ganzer Welt eemoleg ass.
Si setzen nämlech net op Stroum ma op Stréi wat zu Biogas gëtt. Et behaapt een esouguer dass dat de Bensin vun der Zukunft sollt sinn. Scho 4 stréie Botte sollen duer goen fir ee ganzt Joer e vollen Tank ze hunn.
Déi ganz Saach ass awer net sou sécher wéi déi Verantwortlech mengen. Biologesche Sprit  huet dacks keng besser Co2 Wäerter wéi déi fossil Brennstoffer. A ville Fäll si se souguer nach méi schlecht.
Den Asaz vu Planzen déi an der Landwirtschaft als Fudder benotzt ginn, gi vum däitsche Ministère fir Ëmwelt als kritesch betruecht. Et misste vill Bëscher Plaz maachen fir dass een Produktioun garantéiere kéint. Mouere missten dresche geluecht ginn wat alles anescht wéi gutt fir Natur ass.
Nieft dem Stréi wëll Verbio och en Offallproduit vun der Bioethanol-Produktion verwäerten. Der Societéit no soll dëse Sprit bis zu 90% manner CO2 ausstoussen wéi dat nach bei Diesel oder Bensiner de Fall ass.
Allgemengt gëtt den Ament vill un alternative Brennstoffer gebastelt. Technesch Uni vu Freiburg ass amgaangen mat syntheteschem Sprit ze experimentéieren. 16.000 Liter goufe scho produzéiert. Si benotzen heifir Offall aus Holz. Wéi Schuele vun de Beem, al Miwwelen oder Spanplacken. De Virdeel heivunner ass, dass een dëse Produit ganz normal weiderhin op der Tankstell ka kafen.
Nodeel: Holz ass an der Produktioun vu Bensin 3 mol sou deier. Ugefangen bei der Produktiounshalen. Op mannst 200 Mio Euro soll eng Hal kaschten. Da muss garantéiert sinn dass een d'Holz erbäi kritt. Do kommen dann Recycling-Firmaen an d'Spill déi dofir suerge mussen dass d'Holz aus hire Containeren an d'Firma kënnt. Eng logistesch Erausfuerderung. E Projet fir dat bal kee bereet ass e Risiko anzegoen. All déi Faktoren wierke sech natierlech um Enn op de Präis pro Liter aus.