Elo wou Fussball-Meeschterschaften geréckelt ginn, huet een ëmsou méi Zäit fir u vergaangen Evenementer ze denken. Genee haut virun 90 Joer ass e wichtegt Stéck Fussball-Geschicht geschriwwe ginn: Déi alleréischt WM-Final, Uruguay géint Argentinien. Méi iwwert de ganze Spektakel vum Jeff Rossler.

30/07/2020 Op den Dag: 90 Joer Football WM

D'Europäer hu sech eréischt kuerz virun der WM 1930 mat de Fussballspiller bausse vun Europa beschäftegt. Südamerika war am Fussball-Féiwer, mee dat huet de Rescht vun der Welt eréischt gesinn, nodeem s Uruguay 2 mol hannerteneen d'Goldmedail am Olympia-Fussball gewonnen huet. D'Diskussioun ass dunn opkomm fir eng Weltmeeschterschaft ze organiséieren. Well vill Südamerikanesch Länner net genuch Suen hätten, fir hir Spiller iwwer den Atlantik ze schécken, sollt d'WM dann an Uruguay ofgehale ginn. Dofir sollt och e ganz neie Stadion gebaut ginn, d'Estadio Centenario. Duerch eng laang Reeperiod gouf de Stade awer net pünktlech fäerdeg gebaut. Déi éischt Matcher goufen do gespillt, wärenddeem eng vun den Tribünen nach e Chantier war.

Et war déi eenzeg WM, déi keng Qualifikatiounsronn hat. Et waren 13 Ekippen ugetrueden, déi am viraus erausgesicht goufen. Am Ufank sollt et just K.O. Ronne ginn, mee d'Organisateure ware besuergt, dass europäesch Teams dann just fir ee Match eriwwer komme géifen. Am ganze waren et 4 Mannschaften aus Europa, der Belsch, Frankräich, Jugoslawien a Rumänien an 2 aus Nordamerika, mat Mexiko an den USA. Aus Südamerika ware 7 Länner dobäi, dorënner och d'Finalisten Argentinien an Uruguay. Duerch hir lescht Leeschtungen bei den olympesche Spiller, waren déi zwou Ekippen vun Ufank un d'Favoritten op den Titel.

Mat der Zäit gouf de Publik ëmmer méi grouss. Den Optakt-Match hat just 4.444 Zuschauer am Stade. An der Final koumen et der iwwer 68.0000 kucken. Tëscht 10.000 a 15.0000 Argentinier si fir dëse Match bis op Uruguay gereest, fir dëse Spektakel ze gesinn. Fir de Publik war et e Fest, mee fir d'Spiller just massive Stress. Argentinesch Fans sollen anscheinend Parole wéi "Victoire oder Doud" geruff hunn, doropshin goufen d'Uruguayaner nach méi aggressiv. Spiller hu Jore méi spéit an Interviews gesot, dass et sech quasi wéi am Krich ugefillt hätt. Eng Rëtsch Spiller sinn och net ugetrueden, aus Angscht, dass Schlëmmes geschéie géif, wann d'Ekipp verléiert. Generell war déi ganz WM extrem gewalttäteg zu där Zäit. Et gouf Matcher wou um Spillfeld geboxt gouf a Spiller hu sech zum Deel d'Schanke gebrach an awer nach weidergespillt. Et goufen awer och Exceptiounen. Ënnert anerem waren d'Fransouse dofir bekannt, extrem fein ze sinn. Wann e Géigespiller fält, hunn se deem z.B. séier nees opgehollef.