Wat iesst Dir da Moies am Léifsten? Eng Schmier, Müsli oder vläicht och guer näischt? D'Lea Schwartz huet gekuckt wat an anere Länner sou Moies fréi op den Dësch kënnt.

28072020 Wat gett moies an anere Laenner giess

Wann ee reest, léiert een nei Länner kennen. D'Leit, d'Kultur an natierlech och d'Kichen. An dat fänkt scho moies beim Kaffidrénken un. An Italien zum Beispill. Wie schonn do war, weess, dass hei net laang Zäit um Kaffisdësch verbruecht gëtt . Nee, hei gëtt éischter séier en Espresso ënnerwee gedronk. Fir z'iessen si séiss Briosche ganz beléift.

 

© pixabay.com

A Sizilien, der Insel un der Spëtzt vum italienesche Stiwwel kann et richteg waarm ginn. Do dierf et da beim Moies iessen och scho mol eng éischt kleng Ofkillung sinn. De Granita, dat ass Äis mat engem Sirop gemëscht, gëtt do och scho mol Moies giess.

 

Richteg séiss ass et awer och bei de Brasilianer. Engersäits kritt een hei gäre vill gesond Uebst scho fir d'Moiesiessen. Dann dacks och a Form vu Jus. Anerersäits hu si awer och vill Gebäck, dat un de Moiesdësch kënnt. Dat ass dann dacks frittéiert, do gëtt et zum Beispill frittéiert Séiss Gromperen. Oder awer Kuch, Kichelcher oder séisse Bräi. Déi Saache sinn dann éischter manner gesond. Ze drénken, gëtt et dacks Kaffi, an deen am léifsten dann nach mat vill Zocker fir d'Séisst.

© pixabay.com

 

Wann een un d'Moiesiesse vun anere Länner denkt, kënnt ee jo bal net laanscht en typescht English Breakfast. Wurscht, Bounen, Eeër, waarm Tomaten a Champignonen. Hongreg geet een do sécher net aus dem Haus! Bei den Englänner dierf et Moies da gäre méi defteg sinn.

© pixabay.com

 

Beim deftegen Iesse si si net eleng. A villen asiatesche Länner kënnt Moies och éischter salzeg wéi séiss op de Kaffisdësch. A Japan zum Beispill, do gëtt et Moies scho Räis, mat Fësch an ageluechtem Geméis. Dat ass zréckzeféieren op d'Iessen vun de Räisbaueren. Si hu moies schonn eng ganz Moolzecht giess fir duerno op d'Felder schaffen ze goen. Fir Mëtteg vill z'iessen, wär do einfach keng Zäit bliwwen. A wie schafft, brauch eben och Kalorien.

 

Apropos vill Kalorien, un deene feelt et  zum Beispill och net a Nordamerika. A Kanada oder den USA gëllt zum Beispill Paangecher mat Ahornsirop a Speck als en typescht Iessen. 

 

© pixabay.com

Eppes Änleches wéi Paangecher gëtt et och an Tansania. Mam amerikanesche Pancake hunn d'Chapati wéi si heeschen, zwar wéineg ze dinn. Mee si hunn esou een dënnen Deeg, wéi mir en hei an Europa och éischter kennen. An Tansania gëtt awer och nach Mandazis giess. Dat ass eng Zort Deeg aus Hief, e bësse wéi eis Fueskichelcher. Déi sinn och gutt séiss an heiansdo kënnt dann och nach Kokosmëllech mat dran. An zum Schluss gi kleng Bulle geformt, frittéiert an als Moiesiessen zerwéiert.

© pixabay.com

 

Wa fir deen een oder aneren ënnert eis vläicht déi geplangte Vakanz net esou stattfonnt huet, wéi gewollt, kann ee sech da vläicht op d'mannst mam richtegen Iessen an d'Vakanzestëmmung versetzen.