Zocker ass Gëft, an awer konsuméiere mir es all Dag, sief et aus Gewunnecht, Langweil oder Frustratioun. Wat mir méi iwwert den Zocker wëssen, wat mir e méi kontrolléieren an esou och besser domadder ëmgoe kënnen. 

30/07/2020 Zocker

Zocker ass aus eisem Alldag, also och eiser Ernährung, net ewech ze denken. Statistesch hëlt a West-Europa eng Persoun pro Joer ronn 34,9 Kilogramm zou sech, dat sinn ongeféier 95 Gramm den Dag. Dobäi réit d'Weltgesondheetsorganisatioun net méi wéi 25 Gramm pro Dag ze konsuméieren. Géife mir all déi Liewensmëttel, déi Zocker enthalen, aus de Regaler am Geschäft huelen, géifen, wann et gutt geet, nach 20 Prozent iwwereg bleiwen. Leider mécht Zocker net nëmme glécklech, mä och nach süchteg. D'Verschaffe vum Zocker am Kierper fänkt direkt u soubal mir e schmaachen, mir produzéieren dee Moment Dopamin. Dëst Gléckshormon ass ënner anerem och fir déi sougenannten ,,Heißhunger-Attacken'' responsabel.

Zocker stécht net nëmmen a ville Liewensmëttel, mä och an deem, wat mir drénken: esou ass beispillsweis am Jus genee souvill Zocker dra wéi an enger Cola. Den eenzegen Ënnerscheet ass d'Zocker-Zort. An der Cola ass Industrie-Zocker enthalen an am Äppel-Jus stécht Fruktose. Zocker ass awer nun mol Zocker an dofir soll och de Jus verstänneg an a Moosse gedronk ginn.
 
Iwwregens ass brongen Zocker net méi gesond wéi dee wäissen. Beim brongen Zocker sinn nach Sirop-Reschter dran an de wäissen ass einfach méi verfeinert ginn an der Fabrick. Och den Zocker-Ersatz ass net ze recommandéieren.
Dee fënnt ee virum allem a Light-Produiten. Nëmme well ,,light'' drop steet heescht dat nach laang net, dass guer keen Zocker dra verstoppt ass. Dacks gëtt en aneren Séissstoff benotzt, dee genee wéi Zocker d'Insulinproduktioun ureegt. D'Gloscht op richtegen Zocker ass domadder awer net fort, mä gëtt  doduerch dacks nach verstäerkt. Alternativen wéi Stevia, Fructose, Xylit oder Hunneg ginn d'Méiglechkeet den Zocker ze ëmgoen mä trotzdeem ëmmer nach e séissen Goût am Mond ze hunn.

Eise Kierper schéckt eis Signaler wa mer ze vill Zocker zou eis huelen. Mir sinn zum Beispill op laang Dauer midd. Mä firwat geschitt dat? Zocker liwwert vill Kalorien an domadder och vill Energie, sou klëmmt de Blutt-Zocker-Spigel ganz séier a fält awer nees genau sou schëtzeg erof. Vun der Energie bleift net méi vill iwwereg, eise Kierper gëtt schwaach a midd.

Wéi warnt eise Kierper eis nach? Permanenten Duuscht kann och eng Konsequenz vum villem Zocker sinn. Wat mer es méi am Blutt hunn, wat mer méi op d'Toilette gi fir d'iwwerflësseg Reschter lass ze ginn. Den héijen Waasser-Verloscht muss also nees ausgeglach ginn an esou reagéiert eise Kierper mat iwwerméissegem Duuscht. Eng weider Konsequenz kënnen Haut-Problemer sinn, och déi kënnen um Waasser-Verloscht leien. Ween also eng relativ empfindlech Haut huet soll op seng Ernährung oppassen.