Eise Kierper brauch net nëmmen genuch Beweegung an eng gesond Ernährung, mä och genuch a virun allem en erhuelsame Schlof.
Net genuch Schlof verursaacht kierperlech a geeschteg Middegkeet iwwert den Dag an et fält eis schwéier, eis ze konzentréieren.
Mat dësen 6 Tipps schléift een ouni Problem séier an, an dobäi fillt ee sech moies och nach ausgeschlof.

31/07/2020 Besser schlofen

1. Tipp: Net direkt virum Schlofe-Goen trainéieren. Training mécht midd, mä en Workout kuerz ier ee schlofe geet deet dem Kierper net gutt an e brauch laang fir nees erof ze kommen. Entweder also den Training direkt moies starten oder tëscht Sport a Schlofe-Goen eng Paus vun op d'mannst 3 Stonne maachen.

Eng Schlof-Routine entwéckelen soll och hëllefen. Routine bréngen net nëmmen eppes beim Sport oder Iessen, mä och beim Schlof. Hei gëllt zum Beispill: Owes ëmmer ëm déi selwecht Auerzäit an d'Bett goen, mä dat bedeit och moies ëmmer zu der selwechter Auerzäit opzestoen.

Den 3. Tipp ass net ze vill ze iessen a Koffein ze evitéieren. Natierlech soll ee net mat eidelem Mo an d'Bett goen, mä et soll ee probéieren eppes Liichtes zou sech ze huelen. Koffein soll och op der Säit gelooss ginn, well dësen eréischt no 6 Stonne komplett ofgebaut ass.

Déi richteg Schlof-Atmosphär schafen kann der ganzer Saach och hëllefen. All elektronesch Apparater solle ronn eng Stonn virum Schlofe-goen ausgemaach ginn well déi stéieren eis natierlech Middegkeet déi normalerweis vum selwen antrieden soll. Ausserdeem soll et däischter am Zëmmer sinn oder d'Luuchten e bësse gedimmt.

Tipp 5: Déi optimal Zëmmertemperatur fannen. Mir hunn d'Impressioun éischter midd ze ginn an ze entspanen an engem méi waarmen Zëmmer. Fir e gesonde Schlof ass dat awer net optimal. Eis Kierpertemperatur muss erofgoe fir gutt ze schlofen an dat geet am beschten mat enger Raum-Temperatur vun 16 bis 20 Grad Celsius.

An e leschten Tipp nach: Uerdnung halen. Onuerdnung am Zëmmer verursaacht och Duercherneen am Gehier. All Kleeder déi um Buedem leien raumen, d'Bett frësch opzéien an eemol gutt dobannen lëften. En geraumt Zëmmer gesäit also net nëmme besser aus, mä léisst eis och nach entspanen.