D'Joer 1776 war e spannend Joer an der Geschicht vun der Mënschheet. De schotteschen Ekonomist Adam Smith huet säi Standardwierk "The Wealth of Nations" an deem Joer publizéiert, d'Illuminati goufe gegrënnt an de Schrëftsteller E.T.A. Hoffmann koum op d'Welt. D'Amerikaner hunn an deem Joer och hir Onofhängegkeetserklärung ënnerschriwwen.

02/08/2020 Op den Dag - Declaration Independence

Mat der "Declaration of Independence" hunn d'brittesch Kolonien an Nordamerika 1776 formell decidéiert, sech vum Kinnekräich Groussbritannien ze léisen a souverän dat eegent Schicksal an de Grapp ze huelen. Op engem 2. August wéi haut huet deemools eng Majoritéit vun Delegéierten d'Dokument ënnerschriwwen, dat gréisstendeels aus der Fieder vum spéideren drëtten US-President Thomas Jefferson war. Dass dës Deklaratioun och haut nach esou wichteg fir d'Amerikaner ass, hänkt besonnesch mam éischten Deel, der Präambel zesummen. Hei fënnt een dat universellt philosophescht Fundament, ënner anerem mat der Ausso, dass all Mënsche gläich erschaf goufen an dass si mat bestëmmte Rechter gebuer goufen, zu deenen d'Liewen, d'Fräiheet an d'Striewen no Gléckséilegkeet gehéieren.

Et ass dat éischt offiziellt Dokument, an deem allgemeng Mënscherechter festgehale sinn. Fuerscher vun der Kongressbibliothéik hu virun e puer Joer erausfonnt, dass den Affekot an Delegéierten Jefferson an engem éischten Entworf fir d'Deklaratioun nach vun "our fellow subjects" geschriwwen hat, also vun "Untertanen", amplaz vu Bierger, also "our fellow citizens". D'Iddi war wuel och fir hien nei. Och haut nach wierke Passagen aus der Onofhängegkeetserklärung wéi staarken Tubak. Den "National Public Radio" an den USA hat virun zwee Joer Extraiten aus dem Original-Text getwittert, ouni et kloer ze markéieren. Doran heescht et ënner anerem: "D'Vollek huet d'Recht, eng Regierung ze veränneren, ofzeschafen an nei ze grënnen." Besonnesch Trump-Supporter sinn op d'Barrikade gaangen an hunn de sougenannten "Fake News" virgeheit, mat esou Aussoen eng Revolutioun wëllen auszeruffen. Abee neen ... et war näischt anescht wéi de Grondgedanke vun hiren "Founding Fathers".