Elo wou d'Temperaturen ëmmer méi klammen, stellt ee sech d'Fro: Wat kann ee maachen, fir dass mir net ze waarm gëtt? Mir kruten z.B. bäibruecht, dass schwaarz Kleeder Hëtzt unzéien, dofir doe mer léiwer eppes mi Helles un. Mee ass dat wierklech sou eng gutt Iddi? Oder hëllefen däischter Kleeder vläicht méi wéi ee mengt? De Jeff Rossler weess méi.

30/07/2020 Hell oder donkel Kleeder an der Sonn

An den arabeschen Emiraten ass et sou waarm, dat kënne mir eis zu Lëtzebuerg mol net virstellen. D'Sonn dréckt, d'Loft ass extrem fiicht, an d'Temperaturen am Summer si meeschtens ëm 40 Grad. Souguer am Wanter ass et waarm genuch, dass ee mam T-Shirt erausgoe kann. Trotz allem gesäit ee virun allem Fraen, a weite schwaarze Kleeder erëm lafen. Dat maachen se och net ouni Grond. An den arabeschen Emiraten ass et sou waarm, dass et net vill Ënnerscheed mécht, ob ee schwaarz, wäiss oder eng aner Faarf undeet.

Bei sou engem Wieder muss ee sech virun allem virun 2 Saache schützen: Temperaturen an Ultra-Violett Stralung. Schwaarz zitt zwar d'Hëtzt méi un, mee huet dofir en anere Notzen. Bei méi décker Kleedung, wier d'Faarf egal, mee bei esou héijen Temperaturen deet een éischter dënn Saachen un. Wäiss Kleeder géifen do méi UV Stralung duerchloossen, wéi schwaarz Kleeder. Dowéinst doen och Beduinen an der Wüüst éischter schwaarz oder donkelblo Saachen un oder hunn Zelter an där Faarf.

Dat wichtegst un de Kleeder ass, dass se trotz allem net ze dënn sinn an dass se net ze enk um Kierper uleien. D'Loft ënnert de Kleeder erhëtzt sech op Dauer. Bei méi décke wäisse Kleeder, gëtt d'Loft drënner méi séier waarm. Bei de Schwaarzen dauert et méi laang, mee dann gëtt se liicht méi waarm wéi bei wäisse Kleeder. Dat ass net vill Ënnerscheed, dofir ass et méi essentiell, dass d'Kleeder méi weit sinn. Wann d'Kleeder enk uleie wéi bei engem T-Shirt, gëtt engem méi séier waarm, wéi bei anere Faarwen. Ënnert weitem Gezei ass vill méi Loft. Déi erhëtzt sech zwar, mee beim Trëppelen geet déi fort an et kënnt nei, méi kal Loft erëm ran. Also als klengen Tipp fir ofzekillen: Einfach eppes méi Weites undoen a scho fillt et sech bësse méi frësch!