Deen eelste Bam an Europa steet a Sizilien a soll tëscht 2 a 4000 Joer al sinn. An den USA, méi genee am Bundesstaat Nevada soll et souguer e Bam ginn, deen 5000 Joer al ass. Déi mannst Exemplare kréien d'Chance iwwerhaapt esou vill Joren ongestéiert wuessen ze kënnen. Meeschtens fale si Bränn, Krankheeten oder natierlech dem Mënsch zum Affer. Mee wann dat net wär, kéinte Beem dann och un Altersschwächt stierwen oder sinn si eventuell onstierflech? D'Lea Schwartz huet eng Etüd vun chinesesche Fuerscher zum Sujet.

30072020 Si Beem onstierflech

De Bësch ass net just eng schéi Plaz fir spadséieren ze goen oder ze entspanen. Mee Beem produzéieren och eise Sauerstoff. E Bam, deen ausgewuess ass, produzéiert däers zum Beispill an engem Dag esou vill, wéi 10 Leit ootme kënnen. Domadder bënnt en och eng gutt Partie vum Co2, deen duerch Ofgase vun zum Beispill Autoen an d'Loft geréit. D'Beem ginn net fir näischt déi gréng Long vun eiser Äerd genannt. 

Dobäi gëtt esou vill wat mir nach guer net iwwert si wëssen. Sou ass et nach guer net esou laang hier, dass eng Kanadesch Wëssenschaftlerin beweise konnt, dass Beem mateneen verbonne sinn. Iwwert de "Wood Wide Web", wéi et genannt gëtt, sinn d'Beem ënnerteneen vernetzt a kënnen mateneen kommunizéieren. Si si komplex Liewewiesen a wieren sech zum Beispill och aktiv géint Déieren, déi si friesse wëllen. D'Beem liewen a wann ee si futti mécht oder si krank ginn, da stierwen si.

 

Ob Beem dann och eng Zort Alterungsprozess erliewen, hunn chinesesch Fuerscher u Ginkgoen ënnersicht. Déi Bamzort gëllt als besonnesch resistent, si wuesse gären do wou soss keng Beem sinn, da mussen si sech och net ëm Närstoffer streiden an iwwerliewen och soss sou munch Dréchent oder Krankheet. Wann et hinnen dann awer eng Kéier un d'Liewegt geet, kann aus dem Stamm e neie Schoss erauswuessen.

 

An der Etüd hunn si iwwer 600 Joer al Exemplare mat 6 Joer ale Beem verglach. Erauskomm ass, dass et bal keen Ënnerscheed tëscht de Beem gëtt. De Som vun deenen Alen ass grad esou gutt gekeimt, wéi dee vun deene Jonken. Och hunn alleguerten déi Beem, déi getest goufen, genee d'selwecht vill Energie duerch d'Fotosynthese hiergestallt. Just a vereenzelten Zelle wären e puer Gene fonnt ginn, déi manner aktiv bei deenen ale Beem waren. Am Allgemenge konnten d'Fuerscher awer keen Alterungsprozess feststellen. An huelen dofir un, dass Beem och net un Altersschwächt stierwen, mee wann keen dotëscht funkt souguer fir ëmmer existéiere kéinten.

 

Dës Schlussfolgerung gëtt awer kritiséiert. Et géif zwar beweisen, dass Beem richteg al kënne ginn. Awer et wär kee Beweis, dass si onstierflech wären. Wann e Bam vläicht eng Liewensdauer vu 5000 Joer huet, da kann een elo nach net soen ob net awer vläicht en Alterungsprozess asëtze kéint. Et feelt eis also u Laangzäitetüden. An fir dat mat Sécherheet soen ze kënnen, misst een nach e puer dausend Joer waarden. Ma dat wäerte mir da warscheinlech net méi gewuer ginn.