Wien Buerféiss ënnerwee ass mécht sengem Réck eppes Guddes. Et gëtt awer nach aner positiv Eegenschafte vum Buerféiss lafen.

18/06/2020 Firwat Buerféiss goe gesond ass

Buerféiss goen, oder lafen, ass esouguer bei Sportler beléift. Si kënnen doduerch hier Leeschtung verbesseren.
Dat läit dodrun dass d'Schong déi natierlech Lafbeweegung an d'Ofrulle vum Fouss bremsen. d'Féiss musse bei all Schratt Gewiicht vum Kierper offiederen. Duerch Schong gëtt dat natierlecht Aknécke vum Fouss ënnerbonnen. Et schount, an et schwächt een de Fouss gläichzäiteg.
Wien ouni Schong ënnerwee ass, dee setzt säi Fouss anescht, besser op. Den Impakt op d'Gelenker gëtt esou reduzéiert.
Leit déi op der Feescht lafen, lafen automatesch méi mat der Mëtt vum Fouss. D'Gewiicht vum Kierper verdeelt sech esou méi gläichméisseg op d'Hëft, d'Fouss an d'Knéi-Gelenker. De Kierper gëtt am grousse ganze geschount.
Buerféiss lafe mécht, dass engem seng Schrëtt méi kleng ginn, dofir geet d'Frequenz vun de Schrëtt awer an d'Luucht. De Kontakt mam Buedem ass net sou grouss an net esou laang. Doduerch leeft ee méi effikass a méi séier. D'Leeschtung klëmmt.

Ma och fir Leit déi kee Sport maachen ass et net vu Muttwëll ouni Schong ënnerwee ze sinn. Féiss gi besser duerchblutt. Wiss a Sand sinn net ëmmer riicht. Se hunn eng Wierkung wéi eng Massage um Fouss. Wat ufanks nach wéi deet, gëtt sech mat der Zäit. Op eemol kann een op e Steen trëppelen ouni dass een dat spiert.

Et entsteet och keen Houf. Dëse kënnt just duerch Fiichtegkeet a Reiwung. Deemno an de Schong. Ouni Schong gëtt just d'Haut méi haart. Ass de Buedem kal stäerkt een dobäi och nach säin Immunsystem.
Wien sech traut, ka jo mol en Tour duerch Stad maachen. Ouni Schong versteet sech.