No méintelaangem Confinement ass munchereen erëm frou kënnen ze reesen. D'Fro déi sech Fuerscher stellen ass, mécht reesen eis wierklech méi glécklech, weltoppen a souguer méi sympathesch? D'Äntwert ass "Jo"

04/08/2020 Reese mécht glécklech

Vill Leit maache Vakanz Doheem. Anerer packen et net a musse fort. Fest steet: Reese mécht eppes mat eis. Et präägt eis an hannerléisst definitiv seng Spueren. Op enger Destinatioun kann eis Perspektiv eng enorm Diversitéit unhuelen.
Sech op eppes Neies anzeloossen dat onbekannt oder och emol komplett iwwerfuerdert ze sinn, ka sech um Enn positiv auswierken. Dëst sinn nämlech déi Saachen déi dat Erlieften onvergiesslech maachen.
Den Anthropologe Hazel Tucker beschäftegt sech zanter Joerzéngte mat Thema: Wéi sech Tourismus sozial ethesch an ekologesch op eist zesummeliewen auswierkt.
Begéint een enger friemer Kultur sou den Hazel Tucker entsteet esou eng empathesch Virstellungskraaft de net existéiere géif wa mer eis net op Reese méi no komme géifen.
Dat kann eis motivéieren eist ganzt Zesummeliewen ze veränneren an ze iwwerdenken. Et wier an enger Welt an där Kulturënnerscheeder trotz oder grad wéinst der Globaliséierung zu ëmmer méi grousse Konflikter féiere géif, extrem wichteg.
Aner Länner aner Sitten. Et begéint een Leit déi hëllefsbereet sinn oder einfach nëmme léif Leit. Genee dat wiere Momenter déi eis nohalteg beaflossen. Et lauschtert een anescht no, et hëlt ee säin Entourage besser op a mir stelle Saachen a Fro.
Dat ganzt fonctionéiert awer nëmme wann ee mam Bedierfnes fir aner Kulturen, Liewesformen a Mënsche probéiere wëll ze begräifen an e positive Bäitrag ze leeschten. Et soll ee sech och agestoen dass den Tourismus och alt emol esou seng negativ Säiten huet. An dass Reesen e Privileeg ass.
Et mécht een net onbedéngt eppes Schlechtes wann een Naturwonner vun eisem Planéit kucke geet. Esou kann ee selwer feststelle wat alles protegéiert muss ginn. A Länner ze reese wou déi Eenheemesch net vill verdéngen, gëtt däitlech, wéi wichteg dass et ass, amplaz All Inklusive ze buchen, mol op e lokalen Hotel oder Restaurant z'investéieren.
Am Joer 2018 waren iwwregens 1,4 Mia Leit op Reesen ënnerwee. Bëllegflich a Massentourismus hunn allerdéngs hire Präis.