Et gi vill Plazen op der Welt op där nach kee Mënsch war. Da ginn et Plazen wou een nëmmen schwéier hikënnt, respektiv wou iwwer 300 Joer kee méi e Fouss higesat huet.

03/08/2020 Privatinsel Sipson Island ass nees op 13h15

Zanter 1711 war d'Insel Sipson Island a Privatbesëtz. Elo gouf se kaf an domadder dem Public zougänglech gemaach. Sipson Island ass 24 Hektar grouss a läit am Osten vun den USA, virun der Côte vu Cape Cod, net wäit vum US-Bundesstaat Boston ewech. 1711 hunn englesch Siidler d'Insel vum Stamm vun de Monomoyick ofkaf. De Chef vun den amerikaneschen Urawunner war den Tom Sipson, deen domat der Insel hiren Numm ginn huet. D'Organisatioun Sipson Island Trust huet elo dee gréissten Deel vun der Insel kaf. Déi huet sech zum Zil gesat, d'Ökologie an dat kulturellt Ierwen nees méi an de Virdergrond ze stellen. Et sollt een déi indigen Geschicht erzielen an d'Wäerter vun deene vermëttelen, déi virun 1711 op der Insel gelieft hunn.

Op Sipson Island selwer, ob déi  een dann elo huet nees dierfen drop no méi wéi 300 Joer, kann ee wanderen, schnorchelen oder um Strand leien. Et goufen dofir 5,3 Milliounen Dollar gesammelt. Dat geet elo net duer fir déi ganz Insel ze kafen, dofir wieren nämlech 12 Milliounen Dollar gebraucht ginn. 8 Hektar sinn nach a Privatbesëtz. D'Organisatioun ass awer ganz zouversiichtlech, dass si de Rescht vun de Suen zesumme kréien fir de Rescht vun der Insel ze kafen. Och e Fuerschungs- a Bildungszentrum soll op der Insel entstoen. Dofir missten 3 vun de 4 Gebaier op der Insel ofgerappt ginn. Dofir gëtt ee sech e 5-Jores-Plang fir alleguerten déi Ziler kënnen ze realiséieren.

Weltwäit ginn et eng ronn 12.000 Privatinselen. 12 Milliounen Dollar wéi elo an dësem Fall Sipson Island, do kann een nach vun engem niddrege Präis schwätzen. An der Géigend vu Miami an de Florida Keys kann een eng 10 Hektar grouss Insel fir 95 Milliounen Dollar kafen. 186 Hektar grouss ass den Halls Pond Cay fir 75 Milliounen Dollar. Déi läit dofir dann awer och op de Bahamas.