Net alles ass Gold wat blénkt. Dat trëfft ganz gutt op dat sougenannte Kazegold zu. De Pyrit, sou de richtegen Numm, gesäit nämlech aus wéi Gold, ass awer eigentlech just e Mineral, dat am Géigesaz zum Gold ganz wéineg wäert ass. Bis elo! Fuerscher hunn nämlech entdeckt, wéi een et an Zukunft eventuell ganz dacks ka benotzen. Wat et mam Kazegold op sech huet, erzielt eis d'Lea Schwartz.

04082020 Wat ass Kazegold

Wien an der Steenzäit am Besëtz vun sou engem Steen aus Kazegold war, konnt sech glécklech schätzen. Domadder konnt een nämlech Feier maachen. Schléit ee mat engem Feiersteen nëmme fest a geschéckt genuch drop, komme kleng Fonken. Mat deenen ee Feier konnt maachen a sech sou d'Iwwerliewe séchere konnt. Dovunner kënnt dann och de Numm Pyrit. Dat kënnt aus dem Griicheschen an heescht Feier.

Op den éischte Bléck gesäit en aus wéi Gold. Am Englesche seet een och nach Fool's Gold, also d'Gold fir Dëlpessen. Op der Sich nom wäertvolle Material, konnte Leit, déi näischt dovu kennen de Pyrit scho mol mat richtegem Gold verwiesselen. Deen ass natierlech vill manner wäert. Éischtens gëtt et en iwwerall a et fënnt een en och relativ heefeg. Ausserdeem kann ee mam Kazegold keng Bijouen hierstellen. Et ass net wierklech formbar. Ausser et hänkt een sech d'Mineral am Ganzen ëm den Hals.

Ganz aktuell hu Fuerscher nach eng aner Funktioun vum Kazegold entdeckt. Sou konnten si de Mineral an eng Elektrolyteléisung leeën a mat Hëllef vu ganz schwaachem Stroum, de Pyrit an e Magnéit ëmwandelen.Normalerweis ass de Pyrit wéi och richtegt Gold net magnéitesch. Dat ass och déi éischte Kéier iwwerhaapt, dass esou eppes geléngt. E Material zu engem Magnéit maachen, wat eigentlech keen ass. Wann een de Stroum ofgeschalt huet, ass nees alles an seng al Form zréckgefall an d'Kazegold war och kee Magnéit méi. D'Fuerscher vun der University of Minnesota huelen un, dass d'Kazegold an där Form spéiderhin a Solarzellen zum Asaz kéint kommen. Bis elo misst awer nach vill an deem Beräich gefuerscht gi bis et sou wäit ass.