Et gi vill Aart a Weisen fir sech ze entspanen a sech, a sengem Kierper a Geescht, eppes Guddes ze doen. Yoga zum Beispill. Yoga kënnt aus Indien a wëll sou vill heeschen, wéi dass de Kierper an de Geescht nees zesummefannen. Et soll entspanen a gläichzäiteg de Kierper stäerken. Net verwonnerlech also, dass an eisem stressegen Liewen ëmmer méi Leit dëse Sport fir sech entdecken. Ëmmer méi verschidden Zorten vu Yoga ginn dobäi ugebueden. Ob Vinyasa, Bikram oder souguer Yoga a Kombinatioun mat Wäin drénken oder wat ëmmer méi populär gëtt: Yoga mat Déieren.

04/08/2020 Yoga mat Déieren

Huet ee selwer en Hond oder eng Kaz doheem, da weess een, dass et heiansdo näischt Besseres gëtt, wéi wann een no engem schrecklech stressegen Dag heem kënnt, an et brauch ee sech just op de Buedem ze sëtzen, fir e puer Minutten mat hinnen ze spillen an se ze heemelen. Da gesäit d'Welt schonn direkt e Stéckelchen besser aus.

Déieren dinn de Mënschen gutt. Wann se bei engem sinn, dann entspaant een. A genee dorëm geet et jo och beim Yoga. Wéi wier et also, wann ee béides géing mateneen kombinéieren. Net fir näischt ginn et och schonn Entreprisen, déi et hiren Employéen erméiglechen hiren Hond mat op de Büro ze huelen. E puer Minutten mat eise pelzege Kollegen an et spiert een sech direkt besser.

Net fir näischt ginn Déieren och agesat fir all méiglech Zorten vun Therapien. Sief et Delfinen, déi schwéier behënnerte Kanner am Waasser hëllefen oder Päerd, déi engem hëllefe kënnen, seng Ängscht ofzebauen an méi Vertrauen a sech ze gewannen.

Den Trend vum Yoga mat Déieren kënnt vu London, wou den "Doga" erfonnt gouf. Also de Yoga mat Muppen. Zanter deem ass déi britesch Haaptstad e Mekka ginn dofir. Ob Yoga mat Kanéngercher, Kazen oder souguer am Londoner Aquarium, wou ee während sengen Übungen de Fësch ka nokucken.

Beim Yoga mat Déieren kann een duebel Stress ofbauen. Et gëtt virun allem Leit recommandéiert, déi wëllen mam Yoga ufänken, well et hei vill méi drëm geet, fir d'éischt emol eng gutt mental Astellung ze kréien an de Spaass un der Saach net ze verpassen.