De 4. August 1961 ass de Barack Obama op d'Welt komm. De Jeff Trierweiler mat engem Portrait iwwert de fréiere President.

04/08/2020 Op den Dag: Barack Obama 59. Gebuertsdag

De Barack Hussein Obama, wei hie mat ganzem Numm heescht, gouf virun 59 Joer zu Honolulu op Hawaii gebuer a geet als 44. an als 1. afroamerikanesche US-President an d'Geschicht an. Nodeems hie Affekot mat Spezialisatioun op Verfassungsschutz gouf, hat hie sech 1992 bei den d'Demokrate engagéiert.
Dat selwecht Joer hat hie sech mam Michelle Obama bestuet, si hate sech duerch d'Aarbecht kenne geléiert. Den Obama hat als Stagiaire bei Sidley & Austin geschafft, wou d'Michelle Robinson, sou hire Meederchersnumm, hire Mentor war.
1998 gouf hir éischt Duechter Malia gebuer an 3 Joer méi spéit koum d'Natasha op d'Welt.

"Yes we can!" mat deem Slogan hat hien de 4. November 2008 d'Walen géint de Republikaner John McCain gewonnen. Seng Vereedegung an déi vum Joe Biden als Vize-President war den 20. Januar 2009. Dat selwecht Joer krut den Obama de Friddensnobelpräis, wat bis haut awer villen en Dar am A ass. Well hien hätt keng grouss Konflikter léisen nach verhënnere kënnen an och säin Accord fir den Asaz vun Drone gouf staark kritiséiert.

Als President war hie méi beléift wei säi Successeur, och wéinst de villen Mesuren, déi den Obama ënnert senger Presidentschaft getraff hat, ënnert anerem säi Patient Protection and Affordable Care Act, oft Obamacare genannt.
Och wann et him net gelénge sollt, wéi versprach den ëmstriddenen Prisong Guantanamo Bay per Dekret schléissen ze loossen, sou konnt hien déi rechtlech Lag e bëssi verbesseren.

A senger Amtszäit gouf den Al-Qaida Chef, den Osama bin Laden gefaangen an ëmbruecht, dëst den 2. Mee 2011.
Als éischte President hat hie sech fir e gläichgeschlechtleche Mariage ausgeschwat. Eng Siichtweis, déi hien senge Kanner ze verdanken hätt, esou den Obama an engem Interview mam Sender ABC.
Bal 90 Joer hat keen amerikanesche President e Fouss op Kuba gesat, ma den Obama war 2016 mat der Air Force One dohi gereest an hat sech dofir agesat, déi politesch Tensiounen tëscht den zwee Länner ze berouegen.
2012 gouf hie fir eng zweet Amtszäit zréck gewielt a konnt sech deemools géint den Mitt Romney duerchsetzen.

Haut mécht den Barack Obama mat senge schaarfe Kriticken um Donald Trump an deem sengem Ëmgang mat der Coronakris, wéi och der Black Lives Matter Beweegung op sech opmierksam. Sou hat hien op der Trauerfeier vum US-Biergerrechtler John Lewis eng Ried gehalen; déi ass wéinst de pickegen Aussoen um Trump an deem senger Ausso d'Wahlen awer elo verréckelen ze wëllen, viralgaangen.