Mir haten dat all schonn emol: Et muss ee gläich aus dem Haus, mee den Handy Akku ass bal platt. Da probéiert een nach sou vill wéi méiglech Prozenter erauszekréien, dëst an der kuerzer Zäit, déi een nach huet. Dat kann e bësse schwéier ginn, wann een net weess wéi eng Tricken een dofir brauch. De Jeff Rossler huet der e puer fir iech gesammelt.

04/08/2020 Den Handy séier lueden

Fir d'alleréischt sollt dir den Handy op stomm schalten. Souwuel d'Téin wéi och d'Vibratioun verbrauch Energie. Egal ob dir vill oder wéineg Benorichtegunge kritt, wann dir séier luede wëllt, hënnert dat nëmmen. Do derbäi sollt der och Apps, déi am Hannergrond lafen, ausmaachen. Déi vergësst ee gären an déi huelen dem Smartphone dann heemlech Energie fort. Beschtefalls maacht der den Handy einfach an de Flugmodus. Lo kommen déi News a Pushen mol net. Keen Internet, keng SMS a keng Uriff kënnen duerchkommen, déi weider Akku friesse géifen. Wann der dat alles gemaach hutt, heescht et: Fanger ewech vum Handy! Dir kënnt vläicht iergendeng Noriicht verpassen, mee déi kënnt dir duerno liesen. Lo sollt dir en einfach a Rou loossen, fir dass just Energie an den Akku erageet an net grad verbraucht gëtt.

Wann een dat alles mécht, sollt den Akku bannent 20 Minutten op 75% lueden. Leit mat engem iPhone kéinten dat souguer méi séier hikréien, wann se en iPad Adapter benotzen. En iPhone-Kabel huet just 5 Watt fir ze lueden, den iPad-Kabel huet der 12. Domadder kann een ongeféier d'Hallschent vun der Zäit spueren. Am Generelle gëllt och: En Original Netzdeel ass besser wéi eent vun anere Marken. Dir spuert vläicht Suen doduerch, mee friem Kabelen lueden net esou effizient, wéi wann een dat vun den originellen Hiersteller hëlt.

Dat Eenzegt wat ee lo nach maache kann ass preventiv scho manner Akku verbrauchen. D'Lutten um Handy loossen d'Batterie scho vill méi séier eidel ginn, sief et de Blëtz fir eng Foto ze maachen oder d'Ecranshellegkeet. Bei den Appe kann een hei nach op 2 Manéieren Energie spueren: Et sollt ee ëmmer seng Appen updaten, well se doduerch verbessert ginn an op Dauer manner Stroum verbrauchen. Mee et soll ee kucken d'Aktualiséierunge manuell ze maachen, well wann d'Apps ëmmer probéieren sech automatesch ze aktualiséieren, frësst dat nees Energie. Spiller sollt der och sou vill wéi méiglech evitéieren an d'GPS Signal soll just u sinn, wann dir et wierklech braucht. Vläicht kritt dir sou nach e puer wichteg Minutten aus ärem Handy raus, éier d'Batterie erëm platt ass.