Panzer, Gënz, Schlass; genee, mir sinn zu Wolz. Och do kann ee Vakanz maachen, ënner anerem um Camping Kaul deen nieft normale Stellplazen och eng rëtsch interessant Iwwernuechtungsméiglechkeete bitt.

05/08/2020 Camping a Co.: Camping Kaul

D'Stéphanie Allard vum Cigr Wolz Plus, de Centre d'Initiative et de Gestion Régional, stellt eis de Camping vir.

05/08/2020 Allard: de Camping

Et ass een All-Inclusive Camping-Park mat verschidden Objeten an der Locatioun. D'Schwemm um Site ass gratis fir déi Leit déi um Camping logéieren. Et gëtt e Bike- an e Skatepark a verschidde Spillplaze fir kleng Kanner.

Kléngt scho mol ganz gutt. Wat gëtt et zu den Iwwernuechtungsméiglechkeeten ze soen?

05/08/2020 Allard: d'Iwwernuechtungsméiglechkeeten

Bei de Chaleten hu mir d'Modeller Ardenne, Emotion an Taos. Da ginn et och déi sougenannt Pods, déi hunn e ronnen Dag a sinn e bësse méi kleng. An de Safarizelter fënnt een och alles wat ee brauch, vun der Kiche bis bei de Sanitär. Et ass wéi schlofen am Hotel, just besser.

Op de Camping Kaul verlafe sech vill Mountainbiker well an der Regioun flott Circuiten ze fanne sinn, en plus läit de Camping direkt un der Vëlospist. Ma wat kann ee soss nach stiichte wann een zu Wolz Vakanz mécht?

05/08/2020 Allard: wat maachen zu Wolz

Wann d'Wieder matspillt definitiv op de Stau mat ville Waassersportaarten. Soss gëtt et nach bei schlechtem Wieder eng Indoor Spillplaz an en Indoor Minigolf um Camping Kaul.

Op der offizieller Säit vum Camping Kaul kann ee sech Bild vun de verschiddene Chaleten an och de Safarizelter maachen. Online buche geet do och an de 50 Euro Bong vun der Regierung kann och do ageléist ginn.