Genee 75 Joer méi spéit, erënnert sech déi ganz Welt nach ëmmer un déi amerikanesch Atomugrëff zu Hiroshima an Nagasaki. Nëmmen 3 Deeg no der atomarer Bommenattack op Hiroshima, hunn d'USA direkt hir zweet Atombomm op eng japanesch Stad geheit. Zu Nagasaki si weider 60.000 Awunner an a ronderëm d'Kulturstad gestuerwen. Den Objektiv war deen nämmlechte wéi zu Hiroshima: Japan ze schwächen a fir Fridden ze suergen. D'Historiker widderspriechen deem ganzen awer, Chris Meisch.

09/08/2020 Nagasaki-75Joer_ 8h10_ChrisMeisch

Wisou huet missen eng zweet Atombomm eng weider Stad zerstéieren an Dausende Mënsche mat an den Doud rappen? Dës Fro stelle sech ganz vill Awunner vu Nagasaki, déi 75 Joer duerno nach ëmmer traueren an déi gesondheetleche Konsequenzen nach ëmmer spieren. Wëll se fäerdeg an deier war, behaapten Historiker hautzedaags.

Bäi der zweeter Atombomm, anescht ewéi bei der éischter, handelt et sech ëm eng Plutoniumsbomm. Dës Zort soll och an Zukunft weider gebaut ginn. Vill Awunner hu sech als Testobjekt fir dësen neie Prototyp gesinn. Ëmmerhin war Japan u sech scho laang militäresch geschloen.

Dës Atombomm op Nagasaki gouf „Fat Man“ genannt, mat enger Gréisst vu 4 an engem hallwe Meter a war 4,5 Tonne schwéier. Duerch déi grouss Sprengkraaft huet d'Drockwell fir nach méi Schued gesuergt wéi zu Hiroshima. Ronn 22.0000 Leit stierwen direkt, 39.000 bannent den nächste 4 Méint. D'Uniklinik mat der medezinescher Fakultéit goufen zerstéiert, wat zu Nagasaki zu engem absolutte medezineschen Noutstand gefouert huet.

„De Krich ënnert dësen Ëmstänn weiderzeféieren, bedeit net nëmmen Zerstéierung vun eiser Natioun, mee och Zerstéierung vun der mënschlecher Zivilisatioun“, sou den deemolege Keeser Hirohito. Den 2. September 1945 huet Japan hir Kapitulatioun ënnerschriwwen. Dëst war déi éischte Kapitulatioun vu Japan zanter 2.000 Joer.

Haut si béid Länner enk Partner a vun enger staarker ekonomescher a militärescher Zesummenaarbecht gepräägt. Zu Hiroshima an Nagasaki leiden haut nach ëmmer 1.000den Awunner u Stralenerkrankungen duerch d'Atombomm a gi vum Rescht vun der japanescher Populatioun evitéiert.