Am Mee gouf d'Formel 1 70 Joer al. Haut op dësem Sonnde feiere se dëst Stéck Geschicht zu Silverstone. De Jeff Trierweiler iwwert 70 Joer Renngeschicht.

09/08/2020 70 Joer Formel 1

70 Joer, iwwert Dausend Coursen an d'Elite aus dem Rennsport, dat ass d'Formel 1. 1950 gouf déi éischt Weltmeeschterschaft gefuer, 120.000 Spectateure sinn deemools de Grousse Präis vun Europa kucke komm. Haut ass d'Course leider ouni Spectateuren.

Ma an der Formel 1 goufe schonn vill Kapitelen geschriwwen. Den éischten Mann deen zu Silverstone gewonne huet, war den Giuseppe Farina fir Alfa Romeo. E Joer méi spéit konnt en anere Rennstall zu Silverstone gewannen: Ferrari. A fir dës Mark waren déi gréisste Fuerer am Asaz.
Esou den Niki Lauda, den eenzegen, dee mat den 2 gréisste Ecurien, Ferrari an McLaren, Weltmeeschter ginn ass an dat am ganze 3 Mol. Den 1. August 1976 ass hien an der 2. Ronn um Nürburgring fatal bäigaangen. Et sollt déi leschte Kéier sinn, dass d'Formel 1 op der Streck fuere sollt. 6 Woche méi spéit souz de Lauda géint all Erwaardungen erëm hannert dem Stéier.

E weidere grousse Mann war den Ayrton Senna. Hie gëtt als Legend vun der Formel 1 ugesinn a konnt sech 3 Titele sécheren. Onvergiesslech ass seng Victoire zu  Interlagos. Mat enger defekter Schaltung hat hien et awer fäerdeg bruecht als éischten duerch d'Ziel ze fueren.
*****
De Rekord fir déi meeschte Weltmeeschtertitel hält de Michael Schumacher. Ganzer 7 mol gouf hie Weltmeeschter a konnt a senger Carrière 91 mol gewannen. Dem Schumacher säin Fils, den Mick Schumacher fiert aktuell an der Formel 2.
Direkt nom Schumacher: De Lewis Hamilton. 6 mol huet hien d'Formel 1 gewonnen an huet 87 mol gewonnen.
Dëst Joer kéint hien dem Schumacher säi Rekord briechen. Déi lescht Woch hat den Englänner schonn zu Silverstone legendär gewonnen: an der leschter Ronn ass säin fiichte Pneu geplatzt an den Max Verstappen konnt op en Ofstand vun 7 Sekonnen ophuelen.

Den Donneschden huet Mercedes matgedeelt, dass den Valtteri Bottas, dem Hamilton säin Teampartner an den Tabellenzweete fir e weidert Joer ënnerschriwwen huet.
An och den Fernando Alonso huet déi nächst Saison säin Comeback. Den Spuenier fiert da mam Esteban Ocon bei Renault. Den Alonso ass mat Renault am Joer 2005 an 2006 Weltmeeschter ginn.