Déi lescht Woch goufen Deeler vun der Staat Beirut am Libanon verwüüst. Laut der Regierung war eng Luedung Ammoniumnitrat net richteg gelagert, wat dunn zur Explosioun gefouert huet. Vill Leit héieren elo fir d'éischt Kéier vun deem Stoff a froe sech, wat genee dat elo ass. De Jeff Rossler huet sech informéiert.

10/00/82020 Wat ass Ammoniumnitrat?

Ammoniumnitrat ass eng Aart Salz, déi gréisstendeels am Dünger benotzt gëtt. D'Europäesch Chemikalienagentur, kuerz ECHA, schätzt dass een eleng an Europa all Joer 10 bis 100 Milliounen Tonnen dovunner braucht. Wann een Ammoniumnitrat mat Diesel vermëscht, kann een et och als Sprengstoff am Biergbau benotzen. U sech ass de Stoff nämlech net explosiv. E brauch nach eng Zündquell an e brennend Material, éier et zu enger Explosioun komme kann. Wann een Ammoniumnitrat kontrolléiert op 170 Grad erhëtzt, kann een nach Laachgas gewannen, mee wann een et méi waarm mécht a sou eppes wéi e Feier dobäi leien huet, gëtt et geféierlech. De Stoff zersetzt sech zu Waasser, Sauerstoff a Stéckstoff. D'Waasser gëtt zu Waasserdamp bei den héichen Temperaturen an op ee Mol brauch déi ganz Mëschung vill méi Plaz an explodéiert.

D'Chemesch Reaktioun ass an der Theorie einfach erkläert: Ammoniumnitrat besteet aus NH4 an NO3. A béide Stoffer ass N, also Stéckstoff, dran. Béid Stéckstoff-Atomer hu verschidden Oxidatiounszuelen an duerch d'Explosioun solle béid um Enn op 0 kommen. An der Theorie ass dat déi ganz chemesch Reaktioun, d'Praxis ass awer e bëssen anescht. Duerch d'Explosioun entstinn an der Realitéit nämlech nach Stéckoxiden, ënnert anerem de rout-bronge Gas NO2. Well een eng rout Wollek zu Beirut gesinn huet, kënnt een doduerch op d'Konklusioun, dass Ammoniumnitrat de Grond fir d'Explosioun gouf.

Nitrater si schonn zanter Joerhonnerten fir hir Sprengkraaft bekannt a ware schonn deemools am Schwaarzpolver dran. Lo gëtt sech awer d'Fro gestallt, ob et net problematesch war, sou vill Ammoniumnitrat op engem Koup ze lageren. Do spillen awer vill Faktore mat: D'Material muss dréchen, virun Hëtzt a Sonn geschützt a natierlech wäit fort vun Zündquelle gelagert ginn. Do dobäi duerf Ammoniumnitrat och net mat liicht brennbare Stoffer beieneen gehale ginn. An Däitschland duerf een de Stoff och just da besëtzen, wann e schonn am Dünger vermëscht ass. Do ass en dann och komplett ongeféierlech.