De Robin Gibb war en engleschen Exzentriker am Häerz vun der Disco-Explosioun. Mat senger Bridder, de Bee Gees huet hie méi wéi 200 Millioune Placke verkaf. Ma de Robin Gibb wollt och als Komponist unerkannt ginn. Hien ass den 20. Mee vum Joer 2012 u Kriibs gestuerwen.

De Robin Gibb war et, deen ëmmer erëm nei Saache probéiere wollt. Doduerch hat hien de Ruff als "dee komplizéierten". Um Enn ass en awer ëmmer erëm zeréck bei seng Famill komm.
Esou eng Phas hat hien och an den 80er. Mam Lidd Juliet hat hien als Solokënschtler säi 6. Nummer eent Hit. Just an de bedeitendsten Charts ass him mam Lidd keen Hit gelongen. D'US- an UK Charts konnt hien net bezwéngen.
Am Video zum Lidd geet et ëm eng Libesgeschicht déi wärend dem Biergerkrich spillt. D'Handlung, an där hie selwer d'Haaptfigur ass, spillt an engem Schlass wou hien op enger aler Schreifmaschinn d'Handlung opschreift.

An der Geschicht rett hien seng Léift aus der Gefaangenschaft, nodeems e sech mat engem Messer mat Succès an engem Zelt mat engem Gardien ugeluecht huet.