Wéi 1969 déi 3 Astronaute aus der Apollo 11 vun hirer Moundrees zréck op d'Äerd koumen, goufe se aus Angscht virun onbekannten Mikroorganismen a komplett zoue Kostümer gestach an hu fir 17 Deeg laang missten a Quarantän goen. Panikmaacherei oder dach richteg gehandelt? Well gutt Fro: Si mir ufälleg fir ausserierdesch Mikroben? Op dës Fro hu brittesch Fuerscher no enger Äntwert gesicht, Marie Gales.

11/08/2020 Wéi ufälleg wiere mir fir ausserierdesch Mikroben?

1969 hat de Michael Crichton mam Roman "The Andromeda Strain" de Grondstee fir seng Weltkarriär als Auteur vu Wëssenschaftsthrillere geluecht. Sujet vum Bestseller: E Satellit bréngt en ausserierdesche Mikroorganismus op eise Planéit, dee bannent kuerzer Zäit d'Bevëlkerung vun enger klenger Stad eliminéiert. Zanterhier ass dat mat Mikroben aus dem Weltall net méi aus dem Science-Fiction ewechzedenken. 

Brittesch Fuerscher hu sech elo mat der Fro ausernee gesat, wéi mir op eng Infektioun mat ausserierdesche Mikrobe reagéiere géifen a waren och drop aus fir méiglechst realistesch Bedingungen dofir ze schafen. D'Team ëm den Neil Gow vun der Uni Exeter huet mat Aminosaieren geschafft.

D'Fuerscher hunn du Peptiden, also Verbindungen aus e puer Aminosaiere gebastelt an haten an déi 2 Extraer agebaut, déi sou gutt wéi guer net op der Äerd virkommen, déi awer u Meteoritte fonnt goufen. Dës sou geschafen "Exo-Peptide" goufen du mat den T-Zelle vu Mais a Kontakt bruecht. T-Zellen, eng Ënnergrupp vu wäisse Bluttkierpercher, loossen net direkt Antikierper bilden, mä attackéieren direkt de Friemkierper. Mä si mussen dësen awer erkennen. Den Immunzellen géif dat bei "Ausserierdeschen" méi schlecht geléngen. Peptiden, déi op der Äerd gängeg sinn, hu bei 82 bis 91 Prozent eng Reaktioun vun den T-Zellen ausgeléist. Bei den Exo-Peptiden waren et awer just eng moer 61 Prozent bis 15 Prozent. An anere Wierder, den Immunsystem vu Mamendéieren – ob Mais oder Mënschen – géif sech mat enger ausserierdescher Infektioun schwéier doen.

Elo kann een de Kapp rëselen iwwert sou en Experiment an enger Zäit an där mir grad mat enger Pandemie duerch e Virus op der Äerd ze kämpfen hunn an ebe grad verweist de Fuerscher Gow explizitt op de Covid-19 als Beispill dofir, wat fir Suitten e komplett neien Erreeger kann hunn.

An de potenzielle Kontakt mat anere Biosphäre ass jo och net mat den Hoer erbäi gezunn. Mir fléien op de Mound a steieren an Zukunft d'Rees op de Mars un. Ëmmer op der Sich no Liewen am All, gi mir op weider Expeditiounen zu aneren Himmelskierperen. Dofir d'Warnung vun de Fuerscher aus Exeter, gutt opzepasse wat een vun auswäerts matbréngt.

An dann ëmgedréint ass och gefuer: et muss och verhënnert ginn ausserierdesch Organismen duerch Ierdescher, also vun eis unzestiechen. Weltraummissiounen, déi Liewen baussent der Äerd studéiere wëllen, sollen och drop beduecht sinn hir Zilobjeten net ze kontaminéieren. Am Fachjournal "Microorganisms" kann een dëst alles noliesen.