Wann et bis e bësse méi agreabel dobaussen ass, kann een duerchaus nach eppes ënnerhuelen.

Zu Beetebuerg am Parc Jacquinot ass eng Open Air Movie Night. Gewise gëtt de Film Little Women, um 21:30 fänkt d'Projektioun un, den Entrée kascht 5, fir Kanner bis 12 Joer 3 Euro.

E bësse méi fréi, um 18:00, ass an de Rotondes eng weider Editioun vum Public Service Soundsystem; haut mat Beats vum Richard Heinemann, Kozstum a Flextronic.

Oder wéi wär et mat engem Trëppeltour mat Käerzen zu Randschelt? Geet och. Den Office Régional du Tourisme Centre / Ouest invitéiert op d'guidéiert Tour Guttland by night. Depart ass um 21:30 zu Randschelt beim Musée Thillenvogtei an ënnerwee gi Lidder gesongen, Texter gelies a Geschichten erzielt, alles op Lëtzebuergesch, Iwwersetzungen op däitsch oder franséisch si méiglech. De Parcours ass net fir Persounen à mobilité réduite a Poussetten.