Haut stinn déi Jugendlech am Mëttelpunkt an de Jeff Trierweiler war mam Mikro eraus fir de Bols bei de Jonken an de manner Jonken ze fillen.

12/08/2020 Op den Dag: Internationalen Dag vun der Jugend

Och wann den Alter net ëmmer just eng Saach vun der Zuel ass, dréint sech haut alles ëm déi déi eng 1 virun hirem Alter stoen hunn. Et geet ëm d'Generatioun, déi mat Sozialen Netzwierker, Netflix, an YouTube opgewuess sinn.

Ma et ass zur Zäit awer och genee dës Generatioun, déi sech vill géint den Klimawandel, Massendéierenhaltungen an och géint Rassismus am Alldag asetzen. Mengen déi  Jugendlech, se hätten et haut méi liicht wéi Generatioune virun hinnen oder ass et éischter ëmgedréint?

 

Ween hat et méi liicht?

Ma wat sinn haut déi gréissten Ängscht? 

 

Wat sinn haut déi gréissten Ängscht?

Och wann een mengen géif, dass sech 2 verschidden Generatiounen heiansdo net esou  eenz sinn, war et dach schéin ze héieren, dass et awer vill Gemeinsamkeete ginn, grad an Zäite wou mer all un engem Strang zéie mussen.