Et handelt sech ëm amerikanesch Comicen aus de 1950er a 1960er Joren.

12/08/2020 Bal vergiess: Material vun de Peanuts

Peanuts-Fans dierfe sech freeën... a grouss Aen maachen. Et gëtt neit aalt Material vum Charlie Brown a Kompanie publizéiert. Et handelt sech ëm Comicen, déi bal vergiess waren.

Deemools hunn d'Figuren net grad all 'riicht' ausgesinn. Dat läit dorunner,Bal vergiess: dass ëmmer gesot gouf, den Charles M. Schulz hätt ni en aneren u seng Zeechnungen erugelooss, mä dat awer awer net esou. D'Dell-Editiounen, bei deenen d'Comicen erauskomm sinn, haten och anonym Zeechner engagéiert a fir déi war et scho schwéier dem Charlie Brown säi ronne Kapp richteg ze molen. Esouguer eng Geschicht mat engem verréckte Roboter gëtt et, deen am Fong guer net bei d'Peanuts passt.

© AFP/Archives/

De Snoopy, de Woodstock, de Linus, d'Lucy, d'Peppermint Patty, d'Marcie an de Schroeder- si all géife mer ouni de Schulz net kennen. Bis zu sengem Dout virun 20 Joer ronn 80'000 Biller gezeechent, an hire beschten Zäiten waren d'Peanuts op der ganzer Welt an 2.000 Zeitungen ze gesinn, all Dag goufe se vu ronn 150 Millioune Lieser gekuckt.

Den 2ten Oktober 1950 koum deen alleréischte Comic an enger Zeitung eraus. Wat vill Sammler an Europa awer net wëssen, ass dass et an de 50er a 60er Joren an den USA richteg Comic-Zäitschrëften mat de Peanuts gouf. Allerdéngs hat de Schulz keng Zäit nach méi laang Storyen ze zeechnen an huet dunn fréier Schoulkollegen engagéiert.

Alleguerten d'Zeitungscomicen si schonn als Bicher erauskomm, de Joergäng no, an elo publizéiert den Hamburger Carlsen-Verlag de Rescht aus de Peanuts Zäitschrëften, op Däitsch. Déi éischt Sammlung 'Peanuts- Die Comics' ass do, an et muss och bal en zweete nokommen.

© CARLSEN COMICS