Dir hutt bestëmmt nach d'Biller vun deenen doudegen Elefanten am Botswana am Kapp! Bis zu 300 Kadavere goufe bei Waasserlächer am Norden vum Land fonnt. Nach ëmmer ass net genee gewosst wat hei geschitt ass. Wëssenschaftler haten op Mëlzbrand an esouguer op eng Vergëftung mat Zyanid getippt! Den Ament geet een awer dovun aus, dass et sech hei em eng ustiechend Virusinfektioun handele sollt. Och wann bis elo nëmmen e ganz klenge Prozentsaz vun den wëll liewenden Déiere betraff wier, handelt et sech awer ëm en Desaster fir den Aarteschutz. Haut um Dag vum Elefant stellt eis d'Jil Arend dat imposant Déier e bëssi méi genee vir.

12082020Dag vun den Elefanten

D'ursprénglech Initiative fir dësen "World Elefant Day" ass op d'kanadesch Filmproduzente Patricia Sims a Michael Clark souwéi de Generalsekretär vun der thailännescher "Elephant Reindroduction Foundation, de Sivaporn Dardarananda zeréckzeféieren!  Eng éischte Kéier gouf den Aktiounsdag 2012 an d'Liewe geruff an am Laf vun der Zäit konnten d'Fondateuren iwwer 100 Déieren- an Ëmweltorganisatiounen als Ënnerstëtzer fir sech gewannen. Firwat genee den 12. August? E Grond kéint sinn, dass hei de Produzenten hire Dokumentatiounsfilm "Return to the Forest", deen d'Geschicht vun der "Elephant Reindroduction Foundation" erzielt, verëffentlecht gouf. Zanterhier setzen se sech zesummen dofir an en ëffentlecht Bewosstsi fir déi bedreeten Déieren ze schafen!
 
D'Elefante gehéieren zu de Rüsseldéieren an ziele mat engem Gewiicht tëscht 4 a 6 Tonnen zu deenen schwéierste Mamendéieren u Land. Rezent ginn et nach 3 verschidden Aarten: den afrikaneschen Elefant, dee virun allem an den oppene Landschafte südlech vun der Sahara ze fannen ass. De Bëschelefant, deen och an Afrika, do awer virun allem an den tropesche Reebëscher lieft. An dann nach den asiateschen Elefant, deen am südlechen a südëstlechen Asien doheem ass.  Nieft hirem Rüssel, e muskuléist Organ wat duerch d'Verwuesse vun der Nues an der ieweschter Lëps entstanen ass a mat deem se ganz liicht bis zu 400 Kilogramm hiewe kënnen, sinn et och hir beandrockend Stousszänn, déi eigentlech déi viischt Schneidzänn sinn.
 
Et si ganz sozial a geselleg Déieren, déi an enger Famill oder an engem méi grousse Clan zesummeliewen. E groussen Trapp Elefanten, besteet meeschtens aus ville méi klenge Mamm-a-Kand-Verbänn. Dës Famillje gi vun der eelster Elefantekou mat der meeschter Experienz geleet.  De männlechen Elefant lieft  an éischter Linn eleng, oder an enger sougenannte Jonggesellen-Grupp.
 
Se ernären sech ausschliisslech vu Planzen, déi se sech mat hirem laange Rüssel krope ginn. Pro Dag brauch en Elefant gutt 250.000 Kilokalorien! Dat si ronn 150 Kilogramm Planzen! Fir dës immens Zuel ze areechen ass en Elefant gutt 17-19 Stonnen am Dag mat Iesse beschäftegt. Gedronk gëtt awer just eemol den Dag, dofir awer richteg. Tëschent 70 a 150 Liter Waasser drénkt en Elefant op eng Kéier.
 
Den Elefant huet u sech keng natierlech Feinden ausser de Mënsch! Duerch d'illegal Juegd fir Elfebeen, d'Bedroung vun hirem Liewensraum duerch Mënschenhand, d'Ëmweltverschmotzung an och duerch en net aartgerecht Hale vun den Déieren a Gefaangenschaft, ewéi zum Beispill am Zoo, den Zirkussen oder a villen touristeschen Ariichtungen, sinn déi gréisste Mamendéieren u Land haut staark menacéiert.

Et ass also ganz wichteg sech fir de Schutz vun de Risen anzesetzen an eng aartgerecht Haltung vun den Déieren ze ënnerstëtzen. Dohier gëtt et net nëmmen een Dag fir un déi guttmiddeg Risen ze denken, mee esouguer en zweeten! Och den 22. September steet ganz am Zeeche vun den Elefanten.