Wat huet déi japanesch Insel Okinawa, d'Géigend Ogliastra op Sardinien, déi griechisch Insel Ikaria, déi kleng Stad Loma Linda a Kalifornien, an d'Hallefinsel Nicoya zu Costa Rica gemeinsam. Ausser dass se alleguer wäit auserneen leien, sinn et och nach sougenannten Blue Zones. Dat sinn Regiounen op der Welt, wou d'Awunner besonnesch laang liewen an dobäi gesond an glécklech bleiwen. Mee wisou ass dat esou?

12/08/2020 Blue Zones: Do wou d'Leit am längste Liewen

Zwee Amerikaner hunn sech op de Wee gemaach, fir dës fënnef Géigenden méi genee ënnert d'Lupp ze huelen. Si sinn et nämlech och, déi dëse Regiounen de Numm "Blue Zones" ginn hunn. Grad well hei d'Leit iwwerduerchschnëttlech al ginn a well hei manner Leit Kriibs kréien oder Problemer mam Häerz hunn. Méintelaang sinn se dofir gereest, hunn d'Leit beobacht, wéi se liewen an hunn laang Gespréicher mat hinnen gefouert. Zréck koume se mat 9 Regelen fir e méi laangt Liewen.

Fir dass ee méi laang a glécklech lieft, sollt een sech vill bewegen. Et ass also keen Hokus-Pokus, wat eis do ëmmer gezielt gëtt. Ma am Contraire, d'Mënschen, déi op dëse 5 Plazen op der Welt liewen, bewegen sech am Alldag immens vill. Dat awer och well se keng aner Méiglechkeeten hunn. Meeschtens sinn d'Stroossen net ausgeriicht fir vill Verkéier an dofir ass et fir si selbstverständlech ze Fouss akafen ze goen oder fir méi länger Strecken de Vëlo ze huelen. An och kleng Aarbechten doheem gi meeschtens nach selwer op der Hand gemaach an ouni vill elektresch Geräter. Domadder bleift ee fit a gesond.

Ma dat geet awer nach net duer. Zweete Grond fir e méi laangt Liewen, wier, wann ee sech selwer als en Deel vun enger Gemeinschaft gesäit. Et ass selbstverständlech, dass jiddereen säin Deel dozou bäidréit, fir dass d'Zesummeliewen funktionéiert. Jiddereen huet seng Plaz a seng Aufgaben, a fillt sech dofir och ni iwwerflësseg.

Typesch fir d'Liewen an de "Blue Zones" wieren déi enk familiär Relatiounen, déi een do hätt. Dat heescht net nëmmen, dass jiddereen sech soll bestueden a Kanner kréien, mee dass een och seng Elteren a Grousselteren mat an d'Familljeliewen abënnt.

Wat mir haut als Trend bezeechnen, nämlech "Clean Eating". Dat ass an de Blue Zones zanter éiweg selbstverständlech. Fleesch ass eng Delikatess a gëtt och net all ze dacks giess. Dofir kommen saisonal a regional Friichten, Geméis a Kären op den Dësch, déi net staark verschafft sinn a voll mat kënschtlechen Stoffer. An och d'Quantitéit vum Iessen spillt eng Roll. Léiwer manner, méi dacks, wéi ze vill beieneen.

A wat dierf beim Iessen net feelen? De passenden Wäin. Am léifste rout an och net ze vill. Et soll jo ëmmerhin keen zu Schued kommen.

A wien kennt et net? De gudden alen Stress. Dacks ass et schwéier en lass ze ginn oder iwwerhaapt emol ze mierken, wéini et genuch ass. D'Awunner an de Blue Zones wëssen allerdéngs wéini se Zäit fir sech brauchen, fir nees erof ze kommen. Dofir hëlleft dann emol gär eng kleng Mëttesrascht oder e klengen Trëppeltour an der Natur.

Awunner vun de Blue Zones sinn dann och iwwerduerchschnëttlech gleeweg an immens traditionell. Dobäi wier et egal wéi eng Relioun ee praktizéiert. Eenzeg d'Vertrauen an eng méi héij Muecht, géing dozou féieren, dass si sech méi wuel a sécher fillen.

An zu gudder Läscht. Wat wier d'Liewen ouni gutt Frënn, deenen een blann ka vertrauen. En staark soziaalt Fundament aus Famill a Frënn ass d'Basis fir e laangt a glécklecht Liewen.