2 Concerten den Owend, deen een am Gronn, deen aneren zu Bouneweg.

Fänke mir mat Pleasing un, dat ass e Projet vum Lëtzebuerger Artist a Gittarist Patrick Miranda dee sech op de Fändel geschriwwen huet en Abléck an de Math-Rock respektiv Post-Rock ze ginn. De Concert um Parvis vun der Abtei Neimënster fänkt um 18:30 un, den Entrée ass gratis, ma d'Sëtzplaze mussen am viraus reservéiert ginn.

Deen anere Concert ass an de Rotondes, fänkt um 19:45 un an ass schonns ausverkaaft. D'Hannah Ida, besser gesot d'Musek vum Hannah, fënnt een am Singer/Songwriter respektiv Folk-Tirang. Mat akusteschem Sound vun der Gittar an der Ukulele, a rebelleschen a mysteriéisen Texter wäert d'Hannah Ida och den Owend säin Talent ënner Beweis stellen.