Bei dëser Afenhëtzt leide net just mir Mënschen, mä och den Déiere maachen dës héich Temperaturen eppes aus. Amplaz elo ze schweessen an da séier d'Klimaanlag oder de Ventilator op Volltoure lafen ze loossen, hu si eege Strategien entwéckelt fir mat der Canicule eens ze ginn, Marie Gales.

13/08/2020 Maacht et wéi d'Déieren!

Déi mannsten Déiere schweessen, ausser Primaten also Afen a Päerd. Eise beschte Frënd, den Hond hechelt zum Beispill, wann  et him ze waarm ass. D'Zuel vu sengen Otemzich verzéngfacht sech dobäi vun 30 op 300 pro Minutt. Op senger Zong verdonst da Flëssegkeet, déi dës ugestauten Hëtzt ewechdréit. Och Fiiss an e puer Vullenzorten notzen dësen Trick fir ofzekillen.

Bei aneren Déieren kommen d'Oueren an d'Spill fir d'Hëtzt lass ze ginn. Elefante kënnen och net schweessen. Dat ass och de Grond firwat déi afrikanesch Elefante sou grouss Oueren hunn. Gëtt et dëse groe Risen, déi an der afrikanescher Savanne liewen ze waarm, da pompele si vill Blutt an hir Oueren. Do kille si dann hir Kierperflëssegkeet wa si fläisseg mat hiren Oueren hir an hir wackelen. Dat gekillte Blutt fléisst zréck an de Kierper an schonn ass et dem Elefant ze méi grad sou waarm. Säin indesche Pendant huet méi kleng Oueren, dëse lieft méi a Bëscher wou méi Schied ass. 

Mä och den Ieselshues doheem a Mexiko bedéngt sech senge groussen Oueren als Hëtztofleeder. Zwar wackelt hien elo net mat deenen hin an hier, an awer kann hie mat sengen 13 Zentimeter laangen Oueren der décker Kierpertemperatur lass ginn. Kéi iwwregens gräifen op déi selwecht Taktik zréck, mä amplaz vun hiren Oueren benotze si hir Haren.

No deem nämmlechte Prinzip verfiert de Risentukan aus Südamerika. Natierlech huet dee keng Haren, mä säi Killsystem stécht am Schniewel, deen en Drëttel vu sengem ganze Kierper ausmécht. Wëssenschaftler konnte mat spezielle Kameraen sengem raffinéierte Geheimnis op d'Spuer kommen. Wann et owes méi kill gëtt, kann de Villchen iwwert de Schniewel ze vill Hëtzt ofleeden. Bannent 10 Minutte kann hien dobäi iwwer 10 Grad lass ginn.

Ganz anescht mécht et dat afrikanescht Kaweechelchen. Säi buschege Schwanz ass sou grouss, dass hie sech domadder selwer ka Schied maachen.

Mä wat maachen, wann ee kee sou e Schwanz oder sou Oueren oder Schniewel huet?
Ma sech dann einfach an de Bulli leeën! Sou maachen et zum Beispill d'Wëllschwäin, an net just si. Och d'Hirsche leeën sech do mol gären dra fir eng kleng Erfrëschung ze hunn. D'Flëssegkeet am Bulli suergt beim Verdonste fir Ofkillung an et huet och nach direkt mam Bullispanzer e Schutz géint lästeg Mustiken.

An de Storch gräift elo net op de Bulli zréck, mä dee schmiert sech seng laang Been mat sengem eegenen, flëssegem Kacka an. Dësen ass wäiss an erfëllt direkt 2 Fonktiounen, e killt of an en ass och direkt e Sonnenschutz. Keng domm, wann och net immens appetitlech!