Virun 251 Joer ass de Napoléon Bonaparte op d'Welt komm. Op de Mann e Fluch oder Seegen war, doriwwer streiden haut nach vill Leit. Vum klengen Inselbewunner bis zu engem Mann, deen d'Weltgeschicht beaflosst hat, de Jeff Trierweiler huet e klenge Portrait iwwert de franséische Keeser zesumme gestallt. 

15/08/2020 Op den Dag: Gebuertsdag vum Napoléon Bonaparte

Gebuer ass de Napoléon Bonaparte op der Insel Korsika an eng Famill vun 13 Kanner. Als klénge Bouf hat hie kee Franséisch geschwat mee Italienesch, seng Famill koum nämlech aus der Toskana an huet zum Klengen Adel gezielt. Och wann en Ufanks ënnerschat gouf, war hien en Ass an der Mathematik an hat Talent fir Strategien. Ma säi Latäin soll esou schlecht gewiescht sinn, dass e wärend sengen Etüden guer net doranner gepréift gouf. Alles dat sollt hien net kleng kréien.

1784 gouf hien an der École royale militaire zu Paräis ugeholl an gouf 1791 zum Lieutenant ernannt.

Am Summer 1789 koum et zu der Franséischer Revolutioun, wat bis haut eent vun de wichtegsten Evenementer an der europäescher Geschicht ass. De Bonaparte stoung an där Zäit un der Spëtzt vum Opstand géint de Monarch, dee Korsika fest a senger Hand hat. Ma wéi dem Bonaparte gelénge sollt de Monarch ze verdreiwen, gouf hien zum Generol erkläert. 
1796 konnt de Napoléon eng weider Victoire a senger Carrière verzeechne: Him war et gelongen am sougenannten ItalIien-Feldzug mat senge Truppen géint Belsch an Éisträich ze gewannen. Dës Victoire sollt de Schluss vun der Franséischer Revolutioun aleeden.

Tëscht 1798 an 1801 war den Napoléon an Ägypten ënnerwee fir aus dem Land eng Provënz ze maachen. Mat enge 36.000 Männer konnt hien dat nordafrikanescht Land besetzen.

Héichpunkt a sengem Liewen: Dezember 1804 hat hie sech selwer an der Kathedral Notre-Dame zu Paräis zum Keeser gekréint. De Poopst huet dobäi missten nokucken. Domadder sollt d'Welt wësse mat wien se et ze dinn hätten. E Joer drop gouf hien och nach Kinnek vun Italien.

Ma och e Bonaparte hat Réckschléi, an der Schluecht géint d'Russen huet hei sech misse geschloe ginn. Jiddereen, dee bis zu deem Zäitpunkt zou him gehalen hat, sollt him de Réck dréien. 1814 gouf Paräis vun der Koalitiounsarméi besat, an dëst hat zum Bonaparte senger Ofdankung als Keeser gefouert. Duerno gouf him d'Insel Elba als neie Wunnsëtz zougewisen. Ma no 100 Deeg soll hien nees zeréck un d'Muecht kommen.

No senger Defaite an der bekannter Schluecht vu Waterloo gouf de Bonaparte an den Exil verbannt. Seng lescht Jore sollt hien op der brittescher Insel St. Helena verbréngen. Säi Gesondheetszoustand gouf ëmmer méi schlecht, et gëtt ugeholl, dass säi schlechten Zoustand éischter op d'Wieder op der Insel am Südatlantik zeréck ze féiere war. De 5. Mee 1921 ass hien am Alter vun 51 Joer gestuerwen.

Duerch seng Reformen an der Justiz, wéi déi am Code civil huet den Bonaparte d'staatlech Strukturen vu Frankräich esou wéi hir Verwaltungsformen revolutionéiert. Dës gëllen deelweis nach haut an eiser moderner Gesellschaft.

De Bonaparte war och mol zu Lëtzebuerg, den 9. Oktober 1804, kuerz éiert hie Keeser gouf.