En Duo aus Reutlingen hat an den 80er Joren nawell en Hit deen a kengem Club huet dierfe feelen. Haut schwätze mer vun engem One Hit Wonder.

Entdeckt goufen déi Zwee vum Hubert Kah an zwar ee Joer nodeems dëse mat Lidder wéi Rosemarie a Sternenhimmel zu den Topstare vun der "Neuen Deutsche Welle" gouf.

Wéi dës Zäit lues a lues op en Enn gaangen ass, koum de Sophisti-Pop e bëssen an d'Moud.

Blue Night Shadow ass genee esou eng Nummer. Am Summer vum Joer 1985 huet den Duo mam Ulrich Herter an Thomas Dörr domat Top 10 an England an an der Schwäiz getoppt.

Den Album deen nach nokoum huet sech dogéint awer guer net verkaf. An och mat de Singlen déi nach no koumen konnt deenen Zwee näischt méi geléngen.

Am Joer 1988 huet d'Band sech dunn erëm opgeléist.