Och haut gëtt et d'Méiglechkeet deen een oder anere Concert am Grand-Duché z'erliewen.

An de Rotondes ass den Owend am Kader vun de Congés Annulés Besuch aus der däitscher Haaptstad programméiert. KUF ass e Geheimtipp vu Berlin deen elektronesch Téin mat Jazz verschmëlze léisst. Leider ass de Geheimtipp net méi sou geheim, well de Concert vu KUF den Owend ass ausverkaaft. Déi en Ticket hunn; et geet um 20:00 lass.

Eriwwer op Esch an d'Kulturfabrik do ass vu 19:00 un de Julio Mendes an der Kufa Summer Bar am Asaz. Gebierteg vum Cap-Vert, séngt de Julio op kreolesch a franséisch, a gëtt den Owend vum José Veiga a vum Tony Butt begleet

.