Vill Leit fäerte se, ma et ginn awer och vill Fans vu Reptilien. Ma déi wäert et haut freeën, well haut ass den Eidechsen hiren Dag. De World Lizard Day huet wéi vill aner där Deeg och en eeschten Hannergrond, Jeff Trierweiler.

14/08/2020 Op den Dag: Dag vun der Eidechs

Eng zirka 5.600 verschidden Eidechsenaarten ginn et op der Welt, déi op all Kontinent vertrueden sinn. Och zu Lëtzebuerg kann een Eidechse entdecken, dat wieren d'Mauer-; d'Zaun- an d'Bëscheidechs. Eidechse kréien et awer leider ëmmer méi schwéier. Duerch den Agrëff vum Mënsch an d'Natur verléieren d'Déieren hire Liewensraum. Wat gëtt dann zu Lëtzebuerg gemaach fir den Déieren Liewensraum zeréck ze ginn? Virun allem am Osten vum Land, seet Claudine Felten vu Natur an Ëmwelt, gëtt vill gemaach.

Eidechse Schützen Lëtzebuerg

Eidechse si wiesselwarm. Dat heescht hir Kierpertemperatur entsprécht der Temperatur, wou si sech grad sinn. Wann hir Kierpertemperatur ënner 3 Grad fält, erfréieren se. Dofir mussen si sech am Wanter gutt schützen a vergruewen sech fir e Wanterschlof. Déi meescht Eidechse erreechen eng Kierpergréisst vun ongeféier 15 Zentimeter.

Wärend der Paarungszäit am Fréijoer kënnt et zu heftegen Ausernanersetzungen tëscht de Männercher. Dës kënne scho mol mat schwéiere Verletzungen op en Enn goen. E Weibchen, dat e Geschlechtspartner fonnt huet, weist dat andeems et säi Kapp a Kierper hieft wärend et säin Auserwielten mat den viischte Patten stéisst.
Op hirem Menüsplang sti Spannen, Wierm, verschiddenen Insekten a souguer Vulleneeër.

Wann dir den Eidechse dann eppes Guddes doe wëllt, da schenkt hinnen e bësse Liewensraum a leet hinnen e Koup Steng op eng roueg Platz an de Gaart.