Wat hu mir awer flott Iwwernuechtungsméiglechkeeten am Grand-Duché. An dësem Summer hu mir schonn am Bamhaus, am Wäifaass, am fonkelneien Hotel zu Bouneweg an ënner anerem um Golf geschlof. Dës Kéier geet d'Rees an e Schlass deem seng Geschicht am 13. Joerhonnert ufänkt. D'Schlass zu Ischpelt, eng ganz bekannten Adress fir eng Hochzäit ze feieren.

19/08/2020 Camping a Co.: Chateau d'Urspelt
19/08/2020 Urspelt Presentatioun

An d'Transformatioune sinn nach laang net ofgeschloss, well nodeems d'Zëmmere souwäit fäerdeg waren, goufen a ginn aner Deeler vum Schlass ausgebaut.

19/08/2020 Urspelt Transformatiounen
RTL

Wann deene Meeschten de Château d'Urspelt als Hochzäit-Location an de Kapp kënnt, sou fënnt awer och de Sportler säi Gléck zu Ischpelt.

19/08/2020 Urspelt Sport

D'Diana Lodomez schwätzt mat Leidenschaft iwwer d'Schlass an d'Géigend a konnt och d'Personal mat dëser Begeeschterung ustiechen.

19/08/2020 Urspelt Faszinatioun
RTL