Schlof ass immens wichteg fir de Kierper. Fir e puer Stonnen tanke mer nei Energie an de Kierper erhëlt sech. Dat war d'Versioun bis ewell. Biologen vun enger amerikanescher Universitéit hunn eng nei Theorie entwéckelt.

06/07/2020 Schlof: fir eppes anescht geduecht ewéi bis ewell ugeholl

D'Wëssenschaftler Chiara Cirelli an Giulio Tononi hunn ugeholl, dass Mënschen an Déieren schlofen, fir ze vergiessen. All Sekonn an där mer eppes maachen oder nodenken, gi nei Synapsen an eisem Gehir opgebaut. Et si Verbindungen tëscht Neuronen, déi do sinn fir Erënnerungen ze halen an e Lien tëscht Informatiounen ze maachen. D'Fuerscher vun der Uni Wisconsin-Madison hunn erausfonnt, dass déi Verbindungen zu engem Deel ewéi zerschnidde ginn, wa mer schlofen. Esou gi Saachen, déi net wichteg sinn a och net méi gebraucht ginn, verluer. Dat gëtt als 'Synaptesch Homeostas Hypothes' bezeechent.

Chiara Cirelli:
"Wa mer waakreg sinn, léiere mer déi ganzen Zäit, well mer ëmmer mat neie Saache konfrontéiert ginn. Léieren heescht näischt anescht ewéi dass mer eis Synapsen un en Environnement upassen, deen ëmmer ännert. Mir sinn der Meenung, dass d'Gehir offline geet, fir sech ze renormailséieren. An zum Schluss vun deem Prozess si vill Circuiten geschwächt.

Fir hir Theorie ze beleeën hu se de Nervenzellen am Laboratoire eppes ginn, fir dass se nach méi Synapsen ewéi soss sollte bilden. Während dem Schlof hunn déi Neuronen effektiv e puer Verbindungen ënnerbrach. Vum Gehir ginn ausserdeem elektresch Wellen aus, déi nuets méi lues ginn an och manner. Och dat kéint eppes mat de Synapsen ze sinn hunn.

"Net nëmmen, dass mer no der Renormalisatioun erëm amstand sinn nei Saachen ze léieren, mä mer kënnen Erënnerunge sécheren. Mir hunn awer och Villes vergiess- wat iwwregens genee esou wichteg ass, ewéi et ze späicheren. Dat ass ee ganz komplexe Prozess..."

E Fuerscher vun der Johns Hopkins University huet bei Tester och gemierkt, dass d'Zuel vun de Synapsen am Schlof erofgaangen ass. Opgefall ass him awer e Protein, dees ech aneschters verhalen huet. Wa mer schlofen, gëtt méi Homer1A produzéiert an dee féiert dozou, dass Onwichteges vergiess gëtt. Et ginn awer net all Synapsen verännert wa mer schlofen, mä nëmmen e Fënneftel. Wichteg Informatiounen bleiwen och während dem Schlof erhalen.  Mä wat mer vergiessen, kënne mer net kontrolléieren.

Aner Fuerscher werfen elo d'Fro op, ob d'Vergiessen vun Input tatsächlech deen eenzege Grond ass, firwat mer schlofe mussen. Anerer wëlle wëssen ob et nëmme geschitt wa mer schlofen, oder ob et der biologescher Auer no geet. Et bleift also spannend.