Open-Air Kino an e Concert.

Och den Owend mécht den Open Air Kino zu Beetebuerg seng Dieren op. Am Kader vun der Open Air Movie Night am Parc Jacquinot ass et dës Kéier un engem Disney Klassiker, respektiv un deem senge Remake aus dem leschte Joer.

Der König der Löwen, net den Original vu viru 26 Joer, mä de computeraniméierte Film vum leschte Joer. Um 21:30 fänkt de Film un.

An zu Bouneweg an de Rotondes geet de Programm vu Congés annulés weider. Den Owend vun 20:00 u mat 2 Concerte vu Locals. Pop an Electro kritt dir vun Napoleon Gold a vu Sun Glitters gebueden. A wéi sech dat an Zäite vu Corona gehéiert, ginn et reservéiert Sëtzplazen.