Virun 60 Joer ass déi éischt Anti-Baby Pëll verkaf ginn. Haut ass et eng vun den beléiftste Verhiddungsmëttel op der Welt. Jeff Trierweiler

18/08/2020 Op den Dag: 60 Joer Anti-Baby Pëll

"Enovid", sou huet déi éischt Pell geheescht déi den 18. August 1960 an den USA verkaf gouf. D'Aféiere vum Medikament huet fir eng Revolutioun an der Medezin gesuergt. Domat war fir vill Léit Schluss mat Experimenter an domat och den ongewollte Schwangerschaften. Ma mat der sexueller Revolutioun an den 1970er Joren ass d'Pëll zum Symbol vum gesellschaftleche Wandel ginn.
Am Joer 1961 gouf d'Medikament ënnert dem Numm "Anvolar" an Däitschland verkaaft, allerdéngs nëmmen un bestuete Koppelen.

Fir vill Fraen bedeit den éischte Besuch beim Fraendokter och d'Verschreiwe vun der Anti-Baby Pëll. Ausser dass se eent vun de sécherste Verhiddungsmëttel um Marché ass, gëtt se vun villen nach als Mëttel fir méi eng schéin Haut ageholl. Ma besonnesch fir Teenager klengt dat dacks lackeleg.

Dokteren si sech awer eeneg: D'Pëll ass definitiv kee Medikament, wat een just aus kosmeteschen Grënn anhuele soll. Well wéi bei all Medikament kann och d'Pëll eng réi Niewewierkungen hunn. Esou zum Beispill Iwwelzegkeet, Kappwéi, Depressiounen a souguer Thrombosen. 

Ma wat denken Lëtzebuerger iwwert 60 Joer Pëll?

18/08/2020 Ëmfro: Op den Dag: 60 Joer Anti-Baby Pëll; extrait

Ma wat mécht d'Medikament esou extra?
Et ass dat onkomplizéiert Benotzen, de séieren Accès an de Sécherheetsaspekt wat d'Pëll niewent dem Kondom zur beléifter Verhiddungsmethod gemaach huet. Nom Pearl-Index, dee Verhiddungsmëttel der Sécherheet no klasséiert, steet d'Pëll wäit fir. Wat dobäi wichteg ass: D'Pëll schützt net viru Geschlechtskrankheeten wéi AIDS  oder Herpes.