Hat Dir dës Vakanz da scho Congé? Schafft Dir duerch oder hutt Dir d'Vakanz nach virun Iech? Vläicht kommt Dir jo och grad aus dem Congé an hutt haut nees deen éischten Aarbechtsdag. Dann hu mir elo dat Richtegt fir Iech. D'Lea Schwartz huet nämlech e puer Tipps gesammelt, wéi ee no der Vakanz nees aus dem Blues erauskënnt an den Aarbechtsalldag eis net grad esou äiskal erwëscht.

31082020 DVakanz ass eriwwer, an elo Richteg

Op een an de Bierger war, Vakanz doheem gemaach huet oder enzwousch um Mier entspaant huet. Iergendwann geet all Vakanz, sou schéi wéi si och war, op en Enn. Da geet den Eescht vum Liewen nees un, et muss een nees an d'Schoul oder op d'Aarbecht a sengen alldeegleche Verflichtungen erëm nokommen.

Dee Moment wou de Wecker Moies fréi schellt an eis aus dem Schlof rappt, ass ni schéin. Nach méi onangeneem ass dat awer wann ee grad nach am Congé war. Owes ass ee laang opbliwwen, moies huet ee gutt ausgeschlof.

An do wäre mir och schonn direkt beim éischten Tipp. Et soll ee probéieren, säi Rhythmus bäizebehalen. Sou lackeleg et och ass, an der Vakanz sou richteg laang ze schlofen, sollt ee probéieren dat net zur Gewunnecht ginn ze loossen. Dat heescht elo net, dass ee Moies schonn um 6 Auer muss op de Been sinn, mee amplaz de ganze Moien ze verschlofen, kann ee probéiere fréi aus de Fiederen ze kommen. Dann huet een iwwregens och nach vill méi vum Dag. Da kann een och nach gutt profitéieren, virun allem op Plaze wou et vill ze kucken an ze ënnerhuele gëtt.

Apropos vill ënnerhuelen. Et sollt een net vergiessen, dass Vakanz och do ass fir ze entspanen, erofzekommen, a sech Zäit fir sech selwer ze huelen. Wie vun engem Rendezvous op deen aneren hetzt, oder och an der Vakanz sech vill ze vill Saache virgeholl huet, kéint duerno méi gestresst aus dem Congé kommen, wéi een ugefaangen huet. Et kann een et och méi roueg ugoe loossen. Och wann een dann net all Wanderwee getrëppelt, all Kierch gekuckt oder all Attraktioun besicht huet. Haaptsaach et hat een eng gutt Zäit, et muss een net ëmmer alles ofhaken.

Da kann et och hëllefen, net bis op de leschte Stëppel an der Vakanz ze bléiwen. Mee scho e bëssen éischter zréck ze sinn an sech mental a kierperlech nees op den Alldag anzestellen. Da fält engem den éischten Aarbechtsdag net esou schwéier. Iwwregens ass et dann och net grad esou stresseg, wa bei der Réckrees mol eppes schif geet.

Wann et engem méiglech ass, kann een sech de Méindeg no der Vakanz och nach fräi huelen, dann huet een och just nach véier Deeg, amplaz vun enger ganzer Schaffwoch, virun sech. An no sou enger Vakanz ass eng éischt kuerz Woch dach schonn direkt vill méi attraktiv.

All d'Cheffen elo mol d'Oueren zouhalen, mee den éischten Dag kann een et och méi roueg ugoen loossen. Leet Iech keng wichteg Rendezvousen oder Reuniounen op den éischten Dag. Checkt d'Mailen, maacht kléng Aufgaben a kommt lues a lues nees eran an d'Aarbecht an an den Alldag. Wann ee sech direkt schonn um éischten Dag stresst, sinn d'Entspanung an déi gutt Virsätz déi ech vläicht nach an der Vakanz geholl huet, direkt fort.

An zum Schluss dann nach e klenge Plaidoyer fir den Alldag. Natierlech si Vakanze schéin an absolut néideg fir e Tapéitewiessel, sech ofzelenken an ze entspanen. Ma et muss een dofir awer och net just waarde bis déi nächst Vakanz. Och den Alldag kann een sech esou schéi maache wéi ee wëll. Hänkt Iech Fotoe vun de Vakanzen op, kacht doheem exotesch Menüen an huelt Iech am stressegen Alldag och mol Zäit fir Iech, a fir ze entspanen
De Blues no enger Vakanz an d'Verlaangeren no der Nächster, ass dach direkt vill manner schlëmm wann et vill Saache ginn op déi een sech freeë kann. Vakanz ass just e puer mol am Joer. D'Liewe geschitt awer all Dag