Et kléngt scho bal ze gutt fir wouer ze sinn. Ee Joer laang eleng op enger Insel wunnen an dat Ganzt kascht eis net méi wéi 450 Euro Loyer. Do freet een sech dach, wou do den Hoken bei der Saach ass. Leit d'Insel vläicht an Sibirien oder ass se souwäit vun allem ewech, dass een éiweg bis zréck an d'Zivilisatioun brauch?

07/09/2020 Fir 450 Euro ee Joer eleng op enger Insel wunnen?

Bei der leschter Ausso leie mer mol net ganz falsch. Ëmmerhin ginn et am Nordosten vu China, an der Provënz Liaoning, bei der Grenz zu Südkorea, ëm déi 500 Inselen. Vill dovunner sinn net bewunnt. A genee déi kéint een elo lounen. Dobäi variéieren d'Präisser enorm. Ugefaangen bei engem Loyer vu 450 Euro pro Joer, fir eng Insel déi sou grouss ass wéi aner halleft Futtballfeld bis hin zu 3 Milliounen Euro. D'Präisser hänken dovunner of, ob d'Insel vill Plagen huet oder net, ob se fir Mieresbiologen gutt leit, ob een einfach kann drop bauen oder net. Well do kënnt elo den Hoken.

Ier Dir nämlech elo Är Walliss paakt, ginn et e puer Saachen, op déi ee muss oppassen. Zwar lackelen d'Präisser, ma et wier jo net China, wann sech dohannert net dach eng Strategie géing verstoppen. Well nëmmen 44 vun de 500 Inselen momentan bewunnt sinn, wéilt een déi aner duerch dëse Projet ausbauen loossen, a fit maachen fir den Tourismus oder aner Secteuren. Dofir missten also Leit op der Plaz sinn, déi dat Ganzt géingen an d'Hand huelen. An dofir dierft een dann och just zum extra Tarif do wunnen, wann een der Regierung e Konzept an detailléiert Baupläng virweist, wat Dir alles op der Insel wëllt bauen. An opgepasst, et ginn eng jett Reegelen un déi ee sech halen muss. Et dierf kee Neiland gebaut ginn oder aner komplizéiert Methoden gebrauch ginn, well China all ze dacks wéinst hiren ëmweltschiedleche Methoden ugegraff gouf. An de leschte Joren hu se nämlech fir de Bau, vill Land aus de Mierer gebaggert an doduercher sinn wäertvoll Liewensraim zerstéiert ginn.

En plus dierft een och net egalwat op seng gelounten Insel bauen, ma et misst an ee vun de Secteuren passen, deen si festgeluecht hunn. Dorënner Tourismus, Landwirtschaft, Fëscherei oder Stadentwécklung.