Jidderee kennt se, mee dat mécht se dofir awer net méi beléift:  déi schlecht Laun. Wien net gutt drop ass, dee gesäit alles negativ. Ma och viru granzege Kolleegen oder Frënn hält ee sech an der Reegel léiwer ewech. De Schrëftsteller Charles Dickens sot et ewell: "Näischt op der Welt ass esou wonnerbar ustiechend wéi schlecht Laun! " Ma firwat et mol guer net sou donieft ass, och mol mam falsche Fouss opzestoen, verréit eis d'Nicky Soisson.

14092020 Firwat Dir Iech iwwert Aer schlecht Laun free sollt

Elo mol ënnert eis, kee Mënsch kann ëmmer gutt drop sinn a sech permanent zesummerappen - jiddefalls net ouni iergendeng louch Substanzen zou sech ze huelen. Heiansdo musse mir dat ongutt Gefill einfach erdroen an erausloossen, ganz zum Nodeel vun eisem direkten Ëmfeld wat déi jo dacks esou richteg ze spiere kritt. Ma dat interessant dorunner ass, den Experten no, dass mir schlecht Laun fuerdere sollen.

Ok, mir sinn eis wuel eens: mat enger positiver Astellung lieft et sech generell besser: et ass ee méi flexibel, méi kreativ a méi beléift. A wien ëmmer positiv denkt, dee gëtt och no enger schwéierer Krankheet méi séier erëm gesond.

Ma et schéngt wéi wa sech awer hannert der schlechter Laun e Wäert verstoppt, deen eréischt op den 2. Bléck ze erkennen ass.

Den australesche Psycholog Joseph Paul Forgas erkläert dat unhand vun engem Modell vum amerikaneschen Anthropolog a Psycholog Paul Ekman. Dëse geet vu 6 Basisemotiounen aus: Freed, Iwwerraschung, Roserei, Eekel, Angscht an Trauregkeet. Dobäi fält op, dass de Gros vun den Emotiounen negativ sinn. Roserei, Eekel, Angscht an Traueregkeet si vun engem evolutionäre Standpunkt aus vu grousser Bedeitung. Gefiller wéi Eekel an Angscht schützen eis viru Geforen, Roserei stäerkt eis Duerchsetzungskraaft - sou wäit sou gutt. Mee wéi eng Funktioun soll Traueregkeet hunn?

Fir seng Etüd huet de Forgas d'Wierkung vun dëser negativer Emotioun getest. Dobäi huet de Psycholog festgestallt, dass Leit mat negativer Stëmmung däitlech besser dra waren analytesch ze denken an och méi erfollegräich dobäi waren anerer vun hirer Meenung ze iwwerzeegen. Dat weist, dass Granzkäpp méi Afloss hu wéi gutt gelaunte Leit.  An erkläert och sou munches....;)

Do donieft solle si och, dem Verhalensfuerscher an Evolutiounsbiolog Gregor Fauma no, och nach méi produktiv bei der Aarbecht sinn, och dat schéngt iergendwou logesch! Et traut sech jo kaum een de Grumpy ze stéieren...;)

Fazit dovunner: Wee schlecht drop ass, soll dat roueg zouloosse well eleng de Fait dës negativ Emotiounen ze akzeptéieren wierkt sech anscheinend op Dauer positiv op déi eege Gesondheet aus. Sou op mannst mol d'Erkenntnis vu Wëssenschaftler vun der University of California zu Berkeley .

Hinnen no wiere Mënschen déi hier schlecht Laun zouloossen am Duerchschnëtt méi glécklech wéi déi déi se probéieren ze ënnerdrécken.